Den däitschen Uniounsfraktiounschef Jens Spahn huet de Mëtteg säi Récktrëtt annoncéiert.
A senger Erklärung sot hien, him wier kloer ginn, datt säi perséinlecht Gléck net mat sengem politesche Mandat ze vereinbare wier.
Debat ëm Leihmutterschaft
Hannergrond vum Récktrëtt ass den Debat ëm d'Leihmutterschaft. Déi ass an Däitschland verbueden, an och d'CDU schwätzt sech strikt dogéint aus.
E Mëttwoch hat de Jens Spahn annoncéiert, datt hien a säi Partner mat Hëllef vun enger Leihmutterschaft an den USA e Kand adoptéiert hunn. Dat hat fir vill Kritik gesuergt. No Informatioune vun der däitscher Presseagentur hätt de Bundeskanzler Friedrich Merz de Jens Spahn schlussendlech zum Récktrëtt opgefuerdert.
Alexander Hoffmann iwwerhëlt provisoresch
Bis zu enger Neiwal soll de Landesgruppechef Alexander Hoffmann d'Geschäfter vun der Uniounsfraktioun provisoresch weiderféieren.