D'Fra war virdru vun hirer Mamm als vermësst gemellt ginn. Dem aktuelle Stand vun der Enquête no deiten hir Blessuren op e Gewaltverbriechen hin. D'Police ermëttelt weider, méiglech Verdächteger oder den Hannergrond vun der Dot sinn den Ament nach net bekannt.
D'Police sicht no Zeien, déi tëschent Freidegnomëtteg a Sonndegmëtteg verdächteg Observatiounen an der Géigend vun der Nordallee gemaach hunn.
Universitéit trauert ëm Studentin
An engem Communiqué schreift d'Universitéit: “Die Nachricht vom Tod einer Studentin erfüllt uns mit tiefer Trauer und großer Fassungslosigkeit”.
Fir en Donneschdeg ass eng Gedenkfeier geplangt.
Zweeten Doudesfall bannent e puer Deeg
Eréischt leschte Mëttwoch war e 22 Joer ale Student an der Géigend vum Campus erstach ginn. An deem Fall gëtt géint e 22 Joer ale Mann aus Afghanistan ermëttelt.