Nodeemsde Jens Spahn zeréckgetrueden ass maache schonn éischt Nimm fir seng Successioun d'Ronn: Dorënner de Kanzleramtschef Thorsten Frei, mee och den CDU-Generalsekretär Carsten Linnemann an den däitschen Inneminister Alexander Dobrindt ginn als méiglech Kandidate genannt.
Am September stinn an Däitschland Landtagswalen a Sachsen-Anhalt, Mecklenburg-Vorpommern a Berlin un.
De Jens Spahn hat gëschter säi Récktrëtt als Fraktiounspresident ugekënnegt. Dat no der Kritik un der Gebuert vu sengem Kand duerch eng Leihmutter an den USA.