Leihmutterschaft

No ëmstriddener Adoptioun an den USA: CDU-Politiker Jens Spahn steet an der Kritik

Den CDU-Fraktiounschef Jens Spahn steet ënner Drock: Nodeems hien a säi Mann bekannt ginn hunn, datt si iwwer eng Leihmutter an den USA Eltere vun engem Kand goufen, kommen aus senger Partei Récktrëttsfuerderungen. De Spahn selwer hat sech an der Vergaangenheet géint d’Leihmutterschaft ausgeschwat.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / Geisler-Fotopress | Frederic Kern play_arrow
(Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Frederic Kern)

Am Gespréich mam BILD-Journalist Paul Ronzheimer sot de Jens Spahn gëschter an engem Podcast, hien hätt laang mat sech gekämpft, wat d’Theema Leihmutterschaft ugeet.

"Mir sinn net perfekt"

Hie wier hin- an hiergerappt gewiescht, hätt sech finalement mat sengem Partner dofir decidéiert. Et wier - och als Chrëscht - awer keng einfach Decisioun gewiescht, esou de Jens Spahn am Ronzheimer-Podcast.

"Dieser christliche Glaube heisst für mich vor allem auch, nicht einer Ideologie hinterher zu hecheln vom perfekten Menschen, sondern der Christ weiss eben auch, wir sind nicht perfekt und wir sind manchmal zerrissen und es gibt manchmal keine einfache Antwort."

Net méi ze halen en vue vun de Landtagswalen?

D’Positioun vu senger Partei, der CDU, an och der Schwesterpartei CSU ass beim Theema kloer: Si sinn dogéint. Dat huet de Fraktiounschef vun der CSU, de Klaus Holetschek, um Mikro vun der ARD bekräftegt.

"Also für uns ist klar, dass Leihmutterschaft verboten ist, dabei bleiben wir als CSU auch. Das ist für uns eine Frage der Glaubwürdigkeit. Das hat was mit der Würde des Lebens zu tun."

Aus der CDU kommen elo éischt Récktrëttsfuerderungen. De Jens Spahn wier net méi ze halen, och en vue vun de Landtagswalkämpf, déi dëst Joer nach ustinn.

Bundesfraktioun soll iwwer seng Zukunft decidéieren, esou de Spahn

De Bundeskanzler Friedrich Merz sot iwwerdeems, d’Rechtslag am Land wier kloer, an den CDU-Presidium géif e Méindeg beschwätzen, wéi et géif weidergoen.

De Jens Spahn selwer sot, hie wéilt, datt d’Bundestagsfraktioun iwwer seng Zukunft sollt decidéieren.

Lauschterenplay_arrow