E puer Parteien hunn haut lescht Walkampf-Terminer organiséiert fir ëm d‘Stëmme vun ondecidéierte Wielerinnen a Wieler ze kämpfen. Den Ament regéiert a Sachsen-Anhalt eng Koalitioun aus CDU, SPD an FDP. Fir d‘Wal iwwermuer si knapp 1,7 Millioune Mënschen opgeruff.
Däitschland
"Schicksalswal" an Däitschland: Lescht Walterminer ier e Sonndeg gewielt gëtt
A Sachsen-Anhalt ginn d‘Parteien an déi lescht Phas vum Walkampf virun de Landtagswalen iwwermuer. Däitsch Medie schwätze vun enger "Schicksalswal". Dat, well déi rietsextreem AfD de Sondagen no eng absolut Majoritéit kréien a fir d‘éischte Kéier an Däitschland eng Landesregierung leede kéint.
auto_stories
1 min
(Foto: picture alliance / Foto Huebner | Foto Huebner)