Politolog Markus Linden

AfD-Victoire ass en "Déifpunkt an der däitscher Demokratie-Geschicht no 1945"

Wéi ze erwaarde war konnt déi rietsextreem AfD d'Landtagswalen a Sachsen-Anhalt kloer gewannen. Wéi et awer elo viru geet, dat steet nach an de Stären. Och d'Zukunft vum Bundeskanzler Friedrich Merz kéint um Spill stoen.

auto_stories

4 min

headphones

12 min

© EPA/FILIP SINGER play_arrow
(Foto: EPA/FILIP SINGER)

An Däitschland hu gëschter vill Aen op Sachsen-Anhalt gekuckt: Am ostdäitsche Bundesland ware Landtagswalen. Wéi bal iwwerall am Osten ass mat enger grousser Victoire fir déi rietsextreem AfD gefaart ginn.

Um Enn huet d’Partei ronderëm hire Spëtzekandidat Ulrich Siegmund 43,8 Prozent vun de Stëmme kritt. Eng absolut Majoritéit huet si awer verpasst a kann domat net eleng regéieren.

BSW kéint Landtagsregierung mat AfD méiglech maachen

Ob den Ulrich Siegmund elo och Ministerpresident gëtt, dat kann een nach net soen, erkläert de Markus Linden. Hien ass Professer fir Politikwëssenschaften op der Uni Tréier.

Ausser dem Bündnis Sahra Wagenknecht halen nämlech all aner Parteien un der Brandmauer fest. Dat heescht, si schléissen eng Zesummenaarbecht mat der AfD aus.

BSW kéint deemno als “Steigbügelhalter” fungéieren, seet de Markus Linden. Souwuel BSW, wéi och AfD géinge fir eng desintegrativ Politik stoen a wiere pro Putin.

De Markus Linden | © Transcript publishing
De Markus Linden (Foto: Transcript publishing)

"En Déifpunkt an der däitscher Politik"

De “Masterplan” vum Ulrich Siegmund gesäit awer wuel vir, Leit aus der CDU-Fraktioun erauszebriechen, andeems hien hinne Regierungsposten ubitt. Dat huet hien ufanks zwar dementéiert, rezent awer explizit esou gesot.

Ob den AfD-Spëtzekandidat allerdéngs dräi CDU-Leit fënnt, déi sech dat trauen, ass ongewëss.

Sécher ass fir de Politolog awer, datt dës Wal “ein Tiefpunkt in der deutschen Demokratie-Geschichte nach 1945” ass. Iwwer 50 Prozent vun de Leit hunn eng Partei gewielt – AfD oder BSW – déi Deel vun der hybrider Krichsféierung vu Russland ass.

Hien ass sech och sécher, datt d’Sahra Wagenknecht selwer eng Koalitioun mat der AfD begréisse géing.

Ulrich Siegmund net virbereet op Regierungsaarbecht

Den Ulrich Siegmund beschreift de Markus Linden als “Strahlegesicht der AfD”, hanner deem sech awer extremistesch Iddie verstoppen, wéi zum Beispill eng Bürgerwehr oder d’Ofschafe vun den ëffentlech-rechtleche Medien.

Dobäi kënnt dem Markus Linden no, datt hie guer net op Regierungsaarbecht virbereet ass.

“Dieser Mensch ist nicht vorbereitet auf Regierungsarbeit. (...) Er hat keine Ahnung von Landespolitik.”

De Siegmund wier just op radikal Oppositiounsaarbecht ausgeriicht, mengt de Professer vun der Uni Tréier.

Den Drock op de Friedrich Merz wiisst

Gläichzäiteg bedeit dat och eng “Zerreissprobe” fir d’CDU.

“Sie ist im Endeffekt schon mittendrin in der Zerreisprobe.”

De Bundeskanzler Friedrich Merz wier ee vun de Schëllegen, dréit awer net eleng d’Verantwortung, seet de Markus Linden. De Friedrich Merz hätt awer ee grousse Feeler gemaach, an zwar eng Ofstëmmung mat der AfD erbeigeféiert. Dat war kuerz virun der Bundestagswal.

Soss grenzt hie sech ëmmer vun der AfD of, mee dee Moment hätt hien eng Dir opgemaach fir Leit, déi eng Zesummenaarbecht a Betruecht zéien, och wann nach ëmmer vill CDUler strikt dogéint sinn.

Dem Friedrich Merz säin elitären, “führungszentriertes Modell” géing der AfD och an d’Kaarte spillen. Hie misst méi konsensorientéiert optrieden, mengt de Politolog Markus Linden.

Den Drock op seng Persoun awer wiisst. Elo stinn nach Landtagswalen zu Berlin an a Mecklenburg-Vorpommern un. Den Drock kéint esou grouss ginn, datt d’CDU sech gezwonge gesäit, de Kanzler auszetauschen, fir datt hir Partei net komplett ënnergeet. Mee de Friedrich Merz wier e Kämpfer, dat misst een him loossen, seet de Markus Linder.

SPD an déi Gréng gesi sech an hirem Optriede bestäerkt

Hire Koalitiounspartner op Bundesniveau, d’SPD, konnt hiren Niddergang ophalen. Zwar konnt ee sech op engem just ganz niddregen Niveau vu knapp manner wéi 10 Prozent stabiliséieren, mee dat Resultat hätt e bëssen Drock vum Kessel geholl, mengt de Markus Linden.

D’Partei géing sech duerch dat Resultat och confirméiert an hirem Optriede fillen, dat dora besteet, d’CDU-Agenda liicht ze kritiséieren.

E weidert gutt Resultat konnten déi Gréng araumen. Dat léich virun allem dorun, datt si net méi déi “Projektionsflächen” wéi Habeck oder Baerbock hätten. D’Partei hätt sech méi breet opgestallt a mécht net de Personenkult vun enger AfD no. Dat ass dem Markus Linden no de richtege Wee.

Lauschterenplay_arrow