Landtagswalen a Sachsen-Anhalt

Prognosen: AfD mat Ofstand stäerkste Kraaft – dramatesch Verloschter fir d‘CDU

Am däitsche Bundesland Sachsen-Anhalt huet déi rietsextrem Partei AfD – wéi erwaart – d’Landtagswalen däitlech gewonnen. Fir de Moment gesäit et awer esou aus, wéi wann d'AfD keng absolut Majoritéit erreecht hätt.

auto_stories

2 min

Den AfD-Spëtzekandidat Ulrich Siegmund | © EPA/CLEMENS BILAN
Den AfD-Spëtzekandidat Ulrich Siegmund (Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

Der éischter Prognos vun der ARD no, kënnt d’AfD op 44,5 Prozent vun de Stëmmen (+23,7).

D’AfD a Sachsen-Anhalt hätt aus Siicht vum hirem Spëtzekandidat Ulrich Siegmund hiert Zil bei de Landtagswalen erreecht:

„Wir haben genau das geschafft, was wir schaffen wollten“

Esou den Ulrich Siegmund den Owend op der ARD:

„Wir haben in diesem Land Geschichte geschrieben.“

CDU verléiert staark

D’CDU vum Ministerpresident Sven Schulze kënnt a Sachsen-Anhalt nëmmen nach op 18,5 Prozent (-18,6). 

Den CDU-Spëtzekandidat huet op der ARD zouginn:

„Es ist für uns eine Niederlage“

Den CDU-Spëtzekandidat a Ministerpresident Sven Schulze | © EPA/CLEMENS BILAN
Den CDU-Spëtzekandidat a Ministerpresident Sven Schulze (Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

Die Linke kënnt dëser éischter Prognos no, op 9,5 Prozent vun de Stëmmen (-1,5).

Gréng virun SPD 

D’SPD erreecht nach 8 Prozent (-0,4) an déi Gréng klëmmt op 9 Prozent (+3,1).

D’BSW läit der ARD-Prognos no bei genee 5 Prozent, wat géif bedeiten, datt d’Bündnis de Sprong an d’Parlament zu Magdeburg gepackt hätt.

D’FDP mat 2 Prozent läit däitlech ënnert der Fënnef-Prozent-Hürd.

Héich Walbedeelegung

Den Interesse un dëse Wale war grouss: um véier Auer de Mëtteg, louch d’Walbedeelegung bei iwwer 65 Prozent. 

D’Walbüroen hunn um sechs Auer den Owend zougemaach.

Dës Landtagswale gi mat Spannung suivéiert, well déi riets-extrem Partei AfD an allen Ëmfroen däitlech virun der CDU vum Ministerpresident Sven Schulze louch, an d’AfD déi nächst fënnef Joer eleng wëllt regéieren.

Dat virleefegt Schlussresultat vun de Landtagswalen a Sachsen-Anhalt soll muer de Moie fréi do sinn.