Däitschland

Eng Analys: Wat bedeit de Walausgang a Sachsen-Anhalt elo fir déi däitsch Politik?

Déi rietsextreem AfD huet bei de Landtagswalen a Sachsen-Anhalt gewonnen, dat mat bal 44 Prozent vun de Stëmmen. D'CDU, déi bis elo de Ministerpresident gestallt huet, huet iwwer d'Hallschent vun de Stëmme verluer.

auto_stories

1 min

© EPA/CLEMENS BILAN
(Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

De Spëtzekandidat vun der AfD, den Ulrich Siegmund, sot, de Bundeskanzler Friedrich Merz wier dee beschte Walkämpfer gewiescht, deen d'AfD gehat hätt.

Wann een d'Zoustëmmungswäerter vum Kanzler kuckt, esou si just 15 Prozent vun der däitscher Bevëlkerung mat der aktueller Politik averstanen. D'CDU vu Sachsen-Anhalt huet och gréisstendeels op d'Presenz vum Bundeskanzler wärend dem Walkampf verzicht. 

Merz wäert wuel Kanzler bleiwen

Dobäi kënnt, datt de Friedrich Merz an der Vergaangenheet zesumme mat der AfD ofgestëmmt huet. Zënterhier spille verschidde Leit mam Gedanken, datt eng Zesummenaarbecht tëschent der AfD an der CDU méiglech wier. 

Ëmfroen an de Walbüroen weisen, datt Wieler:innen, déi vun der CDU bei d'AfD gewiesselt sinn, d'Aarbecht vun der CDU op nationalem Plang net iwwerzeegend fannen. 

Datt de Friedrich Merz duerch dëst Walresultat den Hutt hëllt, ass net ze erwaarden. Dat huet d'Parteispëtzt gëschter Owend scho relativ däitlech gemaach. Déi huet kloergestallt, datt de Kanzler fir véier Joer gewielt gi wier, an deemno och bis 2029 un der Muecht wäert bleiwen.