Italien

Rugby-Nationalspiller bleift weiderhin a Kalabrien am Prisong

E knappe Mount nom Doud vun engem 34 Joer ale Mann an der italienescher Regioun Kalabrien bleift den 22 Joer ale Lëtzebuerger Rugby-Nationalspiller Domenico Orsino dowéinst am Prisong. Dat mellen italienesch Medien. Géint hie besteet weiderhin de Virworf vun engem Homicide involontaire.

auto_stories

1 min

Symbolfoto | © Adobe Stock
Symbolfoto (Foto: Adobe Stock)

D’Enquête iwwer d’Hannergrënn vum um Enn déidlechen Tëschefall geet iwwerdeems weider. Am Ufank war jo och de 24 Joer ale Brudder vum Domenico Orsino festgeholl ginn. Dee war awer Mëtt August aus der Untersuchungshaft erauskomm.

An der Nuecht op den 9. August war et zu engem Sträit baussent enger Disko a Italien komm, e Sträit, deen d’Affer net iwwerlieft hat. Déi zwee Bridder waren e puer Stonnen dono festgeholl ginn, op Grond vu Videobiller.