Neien norwegesche Kinnek huet säin Eed ofgeluecht, Kinnigin Mette-Marit net dobäi
Den neien norwegesche Kinnek Haakon VIII. huet haut den Eed op d‘Verfassung am Parlament zu Oslo ofgeluecht. Eng Kréinung gouf et an Norwegen schonn zënter 1908 net méi. Nom Dout vu sengem Papp Harald leschte Freideg war den Haakon direkt Kinnek ginn.
D‘Begriefnis vum verstuerwene Kinnek ass muer an enger Woch. Vun de Mëtteg un ass säi Sarg an der Schlass-Kapell zu Oslo opgeboort, fir datt d‘Leit deem verstuerwene Kinnek kënnen Äddi soen.
Déi nei Kinnigin Mette-Marit war bei der Vereedegungs-Zeremonie net dobäi, well si sech nach ëmmer misst erhuelen no hirer Longen-Transplantatioun Mëtt Juni, huet de kinneklechen Haff zu Oslo matgedeelt.