Groussbritannien

De fréiere Premier Keir Starmer gëtt elo och säi Sëtz am brittesche Parlament op

No eelef Joer gëtt de fréiere Premier säi Sëtz am Parlament zu London op, huet hie selwer an engem Zeitungsinterview ugekënnegt. Hie géif sech elo op aner Saache konzentréieren, virun allem op international Affären, esou seng Erklärung.

auto_stories

1 min

© EPA/JAIMI JOY / POOL
(Foto: EPA/JAIMI JOY / POOL)

De Keir Starmer huet seng Partei am Virfeld vum Interview schonn iwwer säi Récktrëtt informéiert. Deemnächst wäerten da partiell Walen organiséiert ginn, fir de Starmer a sengem Bezierk am Zentrum vu London ze ersetzen. 

Et gëllt als sécher, datt dee Sëtz weiderhin un d'Labour Partei geet.