Medie-Reseau Adria News

Kritik aus Serbien un der ALIA - "Besser zu Lëtzebuerg ewéi a Serbien enregistréiert"

Een oppene Bréif vum serbeschen Informatiounsminister mat Kritik u Lëtzebuerger Autoritéiten suergt fir vill Reaktiounen. E géing weisen, datt et besser wier, datt déi betraffe Medien net a Serbien kontrolléiert ginn, seet d’Generalsekretärin vum onfofhängegen Journalisteverband, Tamara Filipovic.

auto_stories

5 min

headphones

8 min

Adria News | © 100,7 play_arrow
Adria News (Foto: 100,7)

D’Vente vum Balkan-Medie-Reseau “Adria News” mat Sëtz zu Lëtzebuerg suergt weider fir Opreegung, dat virun allem an deene betraffene Länner. 

Obschonn se nach net vun de Lëtzebuerger Autoritéiten approuvéiert ass, wier et schonn zu personelle Verännerungen un der Spëtzt vu verschiddene vun de serbeschen Televisiouns-Chaînë komm, esou serbesch Medien.

Dernieft huet een oppene Bréif, an deem de serbeschen Informatiounsminister Boris Bratina d’Lëtzebuerger Autoritéite schaarf attackéiert, héich Welle geschloen.

Serbeschen Informatiounsminister: ALIA ass Garant fir "Pirate-System"

An deem Bréif huet de Boris Bratina et speziell op d’ALIA, d’Lëtzebuerger onofhängeg Autoritéit fir audiovisuell Medien, ofgesinn.

Si wier an dat verwéckelt, wat een a Serbien als de “Bedruch vum Joerhonnert” am Medie-Beräich géif bezeechnen. D’ALIA wier ee “Garant vun engem Pirate-System”, dee fir de Minister doraus besteet, datt zum Beispill Televisiouns-Chainen, déi just a Serbien diffuséiert ginn, sech den Autoritéiten op der Plaz entzéien, well se zu Lëtzebuerg enregistréiert sinn. 

D’Alia awer géif als Medieregulateur net agräifen, obschonns déi betraffe Senderen d’Lige vun der Oppositioun verbreeden. D’ALIA hätt nimools reagéiert, obscho Plainte géint déi Sendere gemaach goufen.An d’Alia géif et erauszéien d’Autorisatioun fir déi Vente ze ginn.

Wéinst all deem, esou de Minister, sollt de Keefer vun Adria News Network, déi betraffe serbesch Senderen a Serbien aplaz zu Lëtzebuerg enregistréieren.

Journalisteverbänn: Serbesch Regierung mécht politeschen Drock op d’Medie

Dee Bréif wier absurd an näischt anescht, ewéi de Versuch, politesch Drock op d’Journalisten auszeüben, esou den Europäesche Journalisteverband an enger Reaktioun. 

Grad d’Medien, déi zum “Adria News Network” gehéieren, wieren a Serbien essenziell fir eng onofhängeg Berichterstattung, seet d’Tamara Filipovic, Generalsekretärin vum onofhängege serbesche Journalisteverband NUNS am 100,7-Interview. 

Lëtzebuerg misst enquêtéieren, ob d’Kontroll iwwert de News-Reseau net scho längst transferéiert gouf, ier d’Vente iwwerhaapt autoriséiert gouf, fuerderen ONG’en a Journalisteverbänn an engem neien Appell.

Si hate schonn am Mee, nach ier d’Vente publik gouf, Alarm geschloen, well gefaart gouf déi Vente géing dozou féieren, datt déi lescht onofhängeg Medien a Serbien a Gefor wieren. 

Lëtzebuerger "Service des médias": Bedenke gi ganz eescht geholl

Déi Bedenke géife ganz eescht geholl, esou de Service des médias am Staatsministère op eis Nofro. D’Regierung stéing ”onageschränkt hanner dem Grondprinzip vun der Mediefräiheet an der domat verbonnener Onofhängegkeet vu Medieregulateuren.”

Den Dossier géing am Kader vun de virgesinne Prozeduren analyséiert. 

De Service des médias hat schonn am Juni d’ALIA opgefuerdert, een Avis auszeschaffen. Deen ass nach ëmmer en suspend. Op eis Nofro verweist d’ALIA op Bréissel.

Do huet an der Tëschenzäit den Europäesche Medie-Conseil, den “European Media Board” en ad hoc Experte Grupp  agesat, fir sech mam Fall ze befaassen. Dat confirméiert eis d’Europäesch Kommissioun. De Conseil soll préiwen op de Fall géint déi EU-Direktiv iwwert d’Mediefräiheet verstéisst.

Dee Prozess wielt een net weider kommentéieren Delaien, bis wéini mat engem Rapport ze rechnen ass, wollt Bréissel och net uginn.

ALIA: All personell Changementer gi beim Avis mat abezunn

D’ALIA reagéiert op eis Nofro och op d’Reproche vum serbesche Minister.

Et wier per Gesetz esou virgesinn ass, datt ee Sender, deen eng Konzessioun an engem EU-Land huet, och an deem Land kontrolléiert gëtt

Wat de Reproche, datt si net op Plainte reagéiert huet ugeet verweist d’ALIA konkret op néng Plainten, déi zënter 2014 analyséiert goufen an dorop,.

Déi Plainte, déi deels vum serbesche Regulateur selwer agereecht gi waren, sinn all zeréckgewise ginn. Dat kann een um Internet-Site vun der Lëtzebuerger Autoritéit noliesen.

D’Lëtzebuerger Autoritéit konforméiert, datt et schonn Ännerungen un der Spëtzt vu verschiddene serbesche Medie gouf. Dorop hätt ee keen Afloss, ma all déi Changementer géingen am Avis mat abezunn, heescht et an der schrëftlecher Äntwert op eis Froen.

Serbesche Journalisteverband NUNS: "Keefer muss Onofhängegkeet vu Journalisten garantéieren"

Et géing net drëm, séier eng Decisioun ze huelen, seet d’Tamara Filipovic d’Generalsekretärin vum onofhängege serbesche Journaliste-Verband NUNS. 

Et wier gutt, datt Bréissel sech elo domat befaasst an analyséiert, ob hei net géint déi Europäesch Reegele verstouss gëtt, déi de Mediepluralismus garantéiere sollen. 

“Mir erwaarden eis, datt de Lëtzebuerger Regulateur d’Resultat vun deem Experte Group mat berücksichtegt”

Iwwerdeems géing een en net drop setzen, datt Lëtzebuerg déi Vente net approuvéiert.

“Wat wichteg ass, ass datt, ween och ëmmer Proprietaire vun deene Medien gëtt, net probéiert Afloss op déi Editorial Decisiounen ze huelen. Si musse garantéieren, datt si net agräifen.”

Doriwwer misst de Lëtzebuerger Regulateur waachen, esou déi serbesch Journalistin.

Si präziséiert och, datt et den Ament besser wier, wann déi Medien zu Lëtzebuerg an net a Serbien enregistréiert sinn.

“Dat ass vläicht haart, dat esou ze soen. Ma ënnert deem aktueller autoritaire Regime, ass et besser, wann déi Medien net ënnert der Kontroll vun der serbescher Regierung stinn.”

Speziell an de leschten zwee Joren hätten d’Journalisten a Serbien ënner enormem politeschen Drock gestan. Dat géifen déi vill Fäll weise vun Attacken, Menacen a Pressioun op Journaliste géif ukucken, déi NUNS an där Zäit registréiert huet. 

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Lauschterenplay_arrow