Den Entrepreneur Yorgen Fenech war vum Parquet beschëllegt ginn, de Mord an Optrag ginn ze hunn, well d‘Journalistin en Artikel iwwer Korruptioun publizéiere wollt, deen den Entrepreneur säi Monni belaascht hätt.
Hien hat de Virworf zeréckgewisen. Bis elo goufe fënnef Persounen an Zesummenhang mam Mord vun der Journalistin verurteelt. Si war am Oktober 2017 duerch eng Autosbomm ëmbruecht ginn.