Parlament geet an d'Summerpaus

Pensiounsreform, Budget an Tripartitesaccord: Wichteg Momenter an der Chamber

An der Chamber sinn elo – am Prinzip – bal zwee Méint laang keng Plenièressëtzunge méi. Déi lescht Sëtzung virun der Summerpaus war virgëschter. E gudde Moment also fir op e puer wichteg Momenter aus de leschte Méint um Krautmaart zeréckzekucken.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© Chambre des députés play_arrow
(Foto: Chambre des députés)

An der Chamber gouf déi ëmstridde Pensiounsreform den 18. Dezember d’lescht Joer mat Stëmme vun der CSV-DP-Majoritéit ugeholl. 

D’CSV-Fraktioun hat deemools gesot, et hätt ee Verantwortung iwwerholl, do wou anerer gezéckt hätten.

D’Reform wier net sozial, net nohalteg, net generatiounsgerecht, a si wier net am Dialog a Konsens zustane komm, hat den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo viru siwe Méint an der Chamber kritiséiert.

"Ech si jo schonn eng Zäitchen dobäi. Mee ech hu kaum en Dossier gesinn, deen esou vun enger Regierung an de Sand gesat gouf, wéi de Pensiounsdossier."

D’Ministesch Martine Deprez (CSV) huet d'Decisioun den 18. Dezember an der Chamber, an den Debatten iwwer d’Pensiounsreform, verteidegt.

"Amplaz datt mir 2038 eng Reserve hunn, déi ënner 1,5 fält, trëtt dat Evenement eréischt 2042 an. Dat heescht et schaaft eis e Sputt vu véier Joer fir weider ze denken."

D’Diskussiounen iwwer d’Pensiounsreform waren net den eenzege groussen Dossier, deen d’Chamber an de leschte Méint beschäftegt huet.

Regierung wollt "ekonomesch Relance"

Et wier d’Zil vun der Regierung, duerch eng ekonomesch Relance nei finanziell Recetten ze kréien, fir d’Sozialleeschtunge weider kënnen ze garantéieren: Dat hat de Budgetsrapporter an CSV-Deputéierte Maurice Bauer Mëtt Dezember d’lescht Joer an der Chamber gesot, virum Vott vum Staatsbudget fir dëst Joer. 

"Eng Ekonomie, déi Kompetitivitéit, Produktivitéit an Innovatioun vereinbaart, well si eis déi noutwenneg Finanzmëttel gëtt, déi mir brauche fir eng gerecht a solidaresch Politik ze maachen."

An de Budgetsdebatten de 17. Dezember um Krautmaart, hat d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding erkläert, datt méi Croissance net automatesch méi Kafkraaft fir d’Leit géif bedeiten.

"Wann d’Croissance nëmmen e puer profitéiere léisst, dann huet se hire politesche Wäert verpasst. Finanzpolitik muss ëmmer déi ganz Gesellschaft am A hunn an net just a happy few."

D'Tripartite am Fokus

A senger drëtter Ried zur Lag vun der Natioun hat de Luc Frieden den 19. Mee ënnerstrach, datt ënner anerem de Leit hir Kafkraaft soll erhale ginn: Eng Ukënnegung, zwou Woche virun den eigentlechen Tripartite-Verhandlungen. D’Regierung wéilt d’Suergen an d’Wënsch vu béide Sozialpartner respektéieren, hat et deemools an der Chamber geheescht.

"Mir schafen zesumme Wuesstem oder trëppelen zesummen op der Plaz, mat all senge Konsequenzen. Dat kann a muss een an enger Tripartite am Hannerkapp hunn."

No der Ënnerschrëft vum Tripartitesaccord hat de Premier Luc Frieden de leschten 9. Juni an der Chamber Detailer doraus presentéiert. D’Reaktioun op de sougenannte "Resilienzpak" vum CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet war deemools esou ausgefall.

"Kafkraaft stäerken, Inflatioun ofbremsen, d’Transitioun virundreiwen: de Premier huet de Resumé gemaach. A mir sti voll do derhannert."

Datt de ganzen Tripartite-Mesurëpak duerch Scholde respektiv iwwer de Staatsbudget soll finanzéiert ginn, hat de lénken Deputéierte Marc Baum viru gutt fënnef Wochen an der Chamber kritiséiert.

"Dësen Accord kascht bal eng hallef Milliard. Eng hallef Milliard kascht also d’Zesummesetze vun de Schierbele vun zwee an engem hallwe Joer CEO-Politik. Eng Victoire ass dat net."

No der Summerpaus ass déi nächst Chamber-Plenièressëtzung den 13. Oktober. Zwee Joer drop, am Oktober 2028, wäert dann eng nei Chamber gewielt ginn.

Lauschterenplay_arrow