National

Affär ëm illegal Openthaltsgeneemegungen: Zwee anonym Bréiwer a vill Widderspréch

An der Affär ëm illegal Openthaltsgeneemegunge fir Persounen aus Drëttstaate huet sech den Innenminister Léon Gloden de Moie missten de Froe vun den Deputéierten aus der Chamberkommissioun fir bannenzegt Affäre stellen. Och si schwätze an dem Dossier vu ville Widderspréch. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Zwee anonym Bréiwer spillen eng zentral Roll an der Affär. | © Adobe Stock play_arrow
Zwee anonym Bréiwer spillen eng zentral Roll an der Affär. (Foto: Adobe Stock)

D’Envergure vun der Affär ass och fir déi Deputéiert aus der zoustänneger Chamberkommissioun nach ëmmer net gräifbar.

De Moien an der Sëtzung kruten déi Deputéiert méi e genauen Abléck an d’Ofleef an d’Aarbechtsweis vun der Direction de l’immigration, awer och weider Informatiounen iwwer déi zäitlech Ofleef an der Affär.

Mee genee hei schéngt villes net kloer ze sinn.

Meris Sehovic: Minister Gloden widdersprécht sech

Rieds ass elo vun op d’mannst zwee anonymme Bréiwer zu ënnerschiddlechen Zäitpunkter. Onverständlech wier, datt no dësen zwee Courriere wéi et schéngt näischt geschitt wier, seet och de Meris Sehovic vun déi gréng.

"Deen éischten anonymme Courrier datéiert aus dem Joer, dat konnte mir net soen, Enn 2022, Ufank 2023. Dat ass en anonymme Courrier, deen un den Direkter vun der Direction de l'immigration geet, wouropshin den Direkter da sengen eegenen Aussoen no Denonciatioun mécht beim Parquet."

Et gëtt en zweeten anonymme Bréif, adresséiert un de Minister Gloden, aus dem Mäerz 2025, erkläert de Meris Sehovic weider. 

"An dat ass am Widdersproch eigentlech mat den Aussoe vum Minister bis elo, deen eigentlech behaapt hat, datt hien eréischt viru Kuerzem eigentlech iwwer déi doten Affär informéiert ginn ass."

Marc Baum: Firwat sinn d'Kontrollmechanismen net verbessert ginn?

Och den Deputéierte Marc Baum vun déi Lénk schwätzt vun der Spëtzt vum Äisbierg a wonnert sech driwwer, datt tëschenzäitlech – no éischten Indicen – net gehandelt gi wier.

"An op meng Nofro hin, ob dann, nodeems dann am Dezember 2023 déi éischt Persounen an der Immigratioun entlooss gi sinn, respektiv suspendéiert gi sinn, datt nach keng Reflexioune gefouert ginn anscheinend an der Immigratioun iwwer intern Kontrollmechanismen, déi ee verbessere misst, dat fannen ech dann awer ganz erstaunlech."

Gëschter hat den Innenminister op eiser Antenn betount, datt engem d’Envergure vun der Affär eréischt mat de Perquisitiounen dëse Mount bewosst gi wier.

Lauschterenplay_arrow