Politik

déi gréng: "Klimaupassungen- a Schutz net géinteneen ausspillen"

"Mir wëllen e Land, dat och bei 40 Grad nach liewenswäert ass", huet d’Sam Tanson beim Pressebriefing vun déi gréng virun der Summerpaus ënnerstrach. An der Roll als Oppositiounspartei géif een sech ëmmer rëm d’Fro stellen, wat d’Entscheedungen, déi haut getraff ginn, fir muer bedeiten.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© Diane Lecorsais play_arrow
(Foto: Diane Lecorsais)

Dës Fro hätt een duerch dat ganzt Joer begleet an dat géif sech bei dräi Sujete besonnesch gutt weisen, esou d’Sam Tanson – an zwar bei de Staatsfinanzen, dem Logement an eben dem Klima.

Déi finanziell Situatioun wier den Ament alles aneres wéi robust, an et géif een sech Suergen em déi zukünfteg Generatioune maachen. Schliisslech missten déi Scholden, déi haut gemaach ginn, muer zeréckbezuelt ginn. Wat d’Suergekand Logement ugeet, sou fuerderen déi gréng séier Antispekulatiounsmesuren an e massiven Ausbau vum ëffentleche Wunnengsbau.  An a punkto Klima géif een op engem Dag wéi haut nees op eng brutal Aart a Weis gewise kréien, datt de Klimawandel keng abstrakt Zukunftsfro ass, esou d’Sam Tanson.

Klimawandel géif déi, déi manner hunn am häertsten treffen

Si huet dann och gewarnt, datt déijéineg, déi am mannsten hunn, och déi wieren, déi am meeschten ënnert den Auswierkunge vum Klimawandel leiden.

"D'Hëtztwelle weisen ons, dass de Klimawandel och hei scho ganz konkreet Konsequenzen op eist Liewen huet. An der Schoulbänk, um Bau, am Altersheem, um Knuedler. D’Hëtzewelle weisen ons, datt mer eist Land musse virbereeden. Mir mussen ons gemengen nei denken, méi Beem, méi Schiet, manner versigelt Flächen am ëffentleche Raum, déi och am Summer liewenswäert bleiwen."

Klimaupassungen a Klimaschutz dierft een awer net géinteneen ausspillen, esou déi gréng Deputéiert.

"Mee mir däerfen dobäi net de Feeler maachen, d'Klimaupassunge géint Klimaschutz auszespillen. Mir brauchen déi zwee. Mir mussen eis op d'Konsequenze vum Klimawandel astellen, mee gläichzäiteg och alles maachen, fir seng Ursaachen ze bekämpfen."

Ofschid vun der Joëlle Welfring

Fir déi gréng war den Ufank vun der Summerpaus awer och de Moment, fir d'Deputéiert Joëlle Welfring ze verabschiden, déi jo viru kuerzem annoncéiert hat, sech aus der Politik zeréckzezéien a bei d’Europäesch Investitiounsbank ze wiesselen. Hir Kärsujeten – Klima, Ëmwelt an Energie wäert de Meris Sehovic iwwerhuelen. Op hir Plaz an der Chamber réckelt jo d’Josée Lorsché no.

Lauschterenplay_arrow