D’Entlaaschtung vun de Bierger:inne stéing am Mëttelpunkt vun der Regierungspolitik. Dat huet den CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet de Mëtten um traditionelle Presse-Iesse vun der Fraktioun betount.
Récktrëtt vum Georges Mischo am Dezember
Dobäi huet d’Regierungspartei e positive Bilan vun der Chambersessioun 2025/26 gezunn, dat trotz den “turbulente Momenter” an der Partei Enn lescht Joer.
Am Dezember war den deemolege Sport- an Aarbechtsminister Georges Mischo wéinst der Affär ëm de geplangten nationale Sportsmusée zeréckgetrueden.
CSV hält seng Verspriechen, esou de Laurent Zeimet
Als "spierbare Fortschrëtt" huet de Laurent Zeimet ënner anerem den Tripartite-Accord, de steierfräie Mindestloun an dem Finanzminister Gilles Roth seng Steierreform ervirgehuewen.
D'CSV géing weider dofir stoen, d'Leit ze entlaaschten. Dat wier och hiert Versprieche wärend de Wale gewiescht.
"Dat ass dat, wat mir elo och wëlle maachen. Dozou sti mir. An dofir wëlle mir déi Steierreform, déi eng eenheetlech Steierklass virgesäit, d'Vereinfachung virgesäit fir d'Leit a selbstverständlech eng Entlaaschtung fir d'Leit virgesäit, bis zum Enn vum Joer och da stëmmen."