Seng Produktiounsfirma huet gëschter preziséiert, de Sänger wéilt keng Concerte spillen, déi an enger ugespaanter Atmosphär fir de Publikum an d'Organisateure selwer géifen iwwer d'Bün goen.
Musek
Patrick Bruel seet all Concerte bis den Hierscht of
Den Drock gouf ze grouss: De Patrick Bruel huet gëschter all seng geplangte Concerte vum Summer an dat bis an den Hierscht eran annuléiert a sech och bis op Weideres aus der Ekipp vun den Enfoirés erausgezunn. Géint de 67 Joer ale Sänger lafe verschidden Enquête wéinst Vergewaltegung.
auto_stories
1 min
De Patrick Bruel 2024 (Foto: EPA/GONZALO FUENTES / POOL MAXPPP OUT)