Et géife keng Indicen dofir ginn, datt d'Kand vu sech aus fortgelaf wier, esou den zoustännege Parquet. D'Meedche war no der Schoul net heem komm an huet sech net gemellt. Doropshin hunn d'Elteren d'Police verstännegt. Op Iwwerwaachungskamerae wier ze gesinn, wéi d'Kand an den Auto vun deem 41 Joer ale Mann klëmmt. Et wier de Papp vun enger Frëndin vum Kand – déi zwou Famille géife sech zanter Jore kennen, esou dem Meedche säi Papp géintiwwer der franséischer Presseagence.
De Mann huet ausgesot, hien hätt d'Meedchen op deem seng Demande bei enger Piscine erausgelooss. Dem Parquet no wieren déi Aussoen awer net präzis a widderspréchlech.
D‘Enquête leeft. Et gëtt weider nom Meedche gesicht, ënner anerem mat Taucher, Hënn an Helikopter.