EU-Sanktiounen

Kéint Deel vu russescher "Schattenflott" sinn: Frankräich iwwerpréift Pëtrolstanker

De Kapitän vum russesche Pëtrolstanker hätt sech net un d'Uweisunge vun der franséischer Marinn gehalen, dofir hätt een den Tanker ënner franséisch Kontroll bruecht, esou de Procureur vu Brest.

auto_stories

1 min

D'Schëff wier Deel vun der russescher Schattenflott, esou déi franséisch Verteidegungsministesch. Et ass mëttlerweil dee véierte russeschen Tanker, dee vu Frankräich ofgefaange gëtt. 

Moskau probéiert mat der Schattenflott laanscht déi westlech Sanktiounen op Pëtrol ze kommen. 

De Kreml verurteelt d'Aktioun vu Frankräich a schwätzt vun internationaler Piraterie.