D'Banann gouf an Tëschenzäit ersat, heescht et vum Musée. Dat muss - wéi et an der Natur vun enger Fruucht läit - heinasdo ersat ginn, well se ufänkt ze faulen. Dobäi gëtt d'Banann no engem feste Protokoll ubruecht: An exakt 1,72 Meter Héicht an engem Wénkel vu genee 37 Grad.
D'Konschtwierk soll den Observateur ureegen, seng Siicht op Konscht an hire Wäert ze hannerfroen. Et ginn e puer Exemplaren dovun. D'Banann gouf schonn e puer mol giess a virun zwee Joer huet een Entrepreneur se fir iwwer 5 Milliounen Dollar kaaft, och fir se selwer z'iessen.