Datt déi japanesch Firma Frankräich als Standuert gewielt huet wier franséische Medien ënner anerem op dee vergläichbar gënschtege franséischen Atomstroum zeréckzeféieren.
Haut ginn a Frankräich weider grouss Investitiouns-Annoncë vun auslännesche Betriber erwaart. Am Schlass vu Versailles ass nees de sougenannten Choose-France-Sommet, dat a Presenz vum President Emmanuel Macron. Eng 200 Patrone vun auslännesche Firme ginn do erwaart.