Fir den Iwwergang vu Payconiq op Wero ouni Problemer ze erméiglechen, gouf sech vill ëm d’Interoperabilitéit tëschent deenen zwee Servicer beméit, heescht et.
QR-Codë kënne weiderhi genotzt ginn
Bis Enn September wäerten déi jeeweileg Appe vu Payconiq a Wero parallel lafen a funktionéieren, sot d’Direktesch vun der EPI, Marina Weimert. Si erkläert, wéi et mat de QR-Codë gereegelt ass, déi vu ville Commerçante genotzt ginn an nach méi laang wéi d’Payconiq App benotzt kënne ginn.
"Grâce à cette compatibilité, de toutes les manières, il y a personne qui va expérimenter un arrêt de service, puisque le QR code de Payconiq continue à fonctionner jusqu'à la fin de l'année. Façon à ce qu'aujourd'hui, même si moi consommateur, j'ai ma Wero App, je peux scanner le QR code de Payconiq encore."
D’Marina Weimert mengt och, datt ëmmer méi Leit gréisser Akeef iwwert Servicer wéi Wero wäerte maachen, well et eng méi sécher Alternativ wier. Zum Beispill gëtt no de Benotzer hire biometrëschen Daten, also Fangerofdréck oder Gesiichtserkennung, gefrot.
Fir Spuerkeess-Clienten eng méi grouss Ëmstellung
De Claude Wurth, Vizepresident vun der Spuerkeess, erkläert, iwwer 10.000 Clientë vun der Spuerkeess hätte schonn de Wiessel zu Wero gemaach. Dobäi ass et fir déi Clienten eng méi grouss Ëmstellung wéi bei anere Banken, well d’Spuerkeess de Payconiq schonn an hirer App integréiert hat.
"Fir de Client dobaussen, deen oft multibankär ass, mécht et méi Sënn, wann en eng porte d'entrée huet, fir op Wero ze goen. D'Schnellegkeet ass och en Argument. Mir kënnen net ausschléissen, datt mer och eng Kéier an déi Richtung ginn dat ze integréieren. Mee hei goung et och zesummen alleguerte relativ schnell eng Implementatioun ze maachen iwwer eng gemeinsam Wero-App."
Wero gouf als eng europäesch Alternativ zu internationale Bezuelsystemer wéi Visa a Mastercard entwéckelt fir déi europäesch finanziell Onofhängegkeet ze stäerken. Am Verlaf vum Joer wäert och nach Holland de Wiessel maachen an d’nächst Joer kënnt Éisträich dobäi.
An den dräi Nopeschlänner ginn et insgesamt schonn 58 Millioune Benotzer.