Dowéinst gouf souguer bei LuxDefence en eegenen Aarbechtsgrupp Finanz a Banke geschafen. D'Defense wier fir Banken nämlech een neit Geschäftsfeld.
"Dofir kann ech verstoen, datt dat seng Zäit brauch. Et war an et ass och ëmmer nach e staarke Problem, Bankkonten tatsächlech opzemaachen, wat an deem Sënn esou lues och urgent gëtt, well de Secteur no villen Attenten a Planificatiounen et um Terrain ëmmer méi ëm d'Ëmsetzung geet, an da brauchs de operativ Bankkonten an operativ Firmen."
Den André Wilmes hofft, datt dee “gréissere Problem” hoffentlech geschwë geléist gëtt. Schliisslech wieren dem Land duerch dee Problem iwwer 100 Milliounen Euro laanscht d'Nues gaangen.
An engem Joer wier d'Situatioun hoffentlech eng aner, mee et hätt duerch d'net-Op- oder d'Zoumaache vu Konte Schued ginn un der Reputatioun vum Land. Dobäi wier Lëtzebuerg op verschiddene Felder vun der Verteidegung gutt positionéiert, esou de President vu LuxDefence.
Hien ass iwwerdeems der Meenung, datt d'Attraktivitéit vu Lëtzebuerg als Defensestanduert gutt wier. Viru fënnef Méint hat dat sech nach e bëssen anescht unhéieren.
Problem vun der Plaz a vun der Sécherheet
Deemools hat hien an engem 100,7-Interview gesot, et géifen nach e puer Erausfuerderungen op Lëtzebuerg waarden, fir datt hei eben e wierklech attraktive Standuert entstoe géif.
Defie gëtt et zwar weiderhin, mee et wier kee méi do, deen net ze iwwerwanne wier. Wuel bräicht een e gesécherte Campus, well Spionage a Sabotage e Sujet wieren, an och grouss Produktiounsplazen, mee op deem Gebitt wier den ugekënnegten Defense-Hub zu Diddeleng wierklech interessant, esou den André Wilmes.
Klassesch Argumenter fir Lëtzebuerg als Standuert
Dee soll jo an noer Zukunft um Site vu Liberty Steel entstoen. Och wann eleng domat de Plazproblem vu klenge bis ganz groussen Atelieren net geléist wär, géif een de Projet awer begréissen, an nach méi, wann en Deel dovu ganz séier disponibel wier. Et géif deemno vill fir de Standuert Lëtzebuerg schwätzen.
"Du hues déi klassesch Argumenter, déi och an anere Secteure gëllen, Sproochen, Export a verschidde Regiounen. Mir hunn och d'Logistiknetzwierk, wat ganz gutt ausgebaut ass."
D'Associatioun huet de Moment eng 140 Memberen, déi z.B. an der Produktioun vun Dronen aktiv sinn; circa 70% dovu si kleng a mëttler Entreprisen, an et gëtt ronn 20 Start-upen. Wat den Defence Bond ugeet, dee vun der Regierung opgeluecht gouf, fir Verteidegungsprojeten ze finanzéieren: Den André Wilmes huet de Succès dovun als en Zeechen dofir gesinn, dass et am Public awer vläicht eng besser Appreciatioun wéi erwaart fir de Secteur gëtt.
"An deem Sënn hu mir dat sou als positiivt Signal geholl. Wéi de Stat elo seng Défenseambitiounen eropsetzt oder wéi en déi finanzéiert asw., dat ass eng politesch Fro."
Woufir hie sech dozou net positionéiere géif, huet de LuxDefence-President erkläert.