Visitt vum Antonio Costa

Premier Luc Frieden akzeptéiert eng europäesch Mindessteier op Tubak weiderhin net

Lëtzebuerg bleift bei senger Positioun, eng europäesch Mindeststeier op Tubak net ze akzeptéieren. Dat huet de Premier Luc Frieden de Moien no enger Entrevue mam EU-Conseilspresident Antonio Costa nach eemol ze verstoe ginn.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© SIP / Emmanuel Claude play_arrow
(Foto: SIP / Emmanuel Claude)

Den Antonio Costa ass aktuell op Visitt an allen EU-Memberstaaten, an hofft, bis Enn dëst Joer d’Debatten iwwer den nächste pluriannuelle Budget ofgeschloss ze hunn. Lëtzebuerg géif sech an dësen Debatten an der Mëtt befannen, esou de Premier. 

Bei de Gespréicher iwwer de Budget fir d’Joren 2028 bis 2034 sinn d’EU-Länner aktuell nach gespléckt, tëschent deenen, déi méi spuere wëllen, an deenen, déi méi ambitiéis Investissementer a Fonge fuerderen.

Premier gesäit sech an der Mëtt

Zil ass et, datt sech déi 27 EU-Länner bis Enn dës Joers iwwer déi Enveloppe vu bal 2 Billiounen Euro eens ginn. Den CSV-Premier hofft op een net ze “exhorbitante” Budget, an dorop, eng Balance tëschent ekonomeschem Wuesstum a politescher Kohäsioun ze fannen.

"Le Luxembourg se situe au milieu. des revendications des uns et des autres. Il y a ceux qui estiment que le budget doit être emploi. Et à ceux qui souhaitent dépenser, à notre avis, trop."

Wat d’Aféiere vun enger europäescher Mindeststeier op Tubak ugeet, hält de Lëtzebuerger Premier sech éischter zeréck.

Verhandlungen iwwer Tubakssteier wäerte schwiereg ginn

D'EU-Kommissioun huet proposéiert, datt d'Tubakssteier un d'Kafkraaft vun de jeeweilege Memberlänner soll ugepasst ginn an d'Memberlänner sollen deementspriechend en Deel u Bréissel oftrieden. Lëtzebuerg géif keng Propositiounen akzeptéieren, déi een disproportionéierten Impakt op de Grand-Duché hätten, esou de Luc Frieden. 

"Et ça sera notre ligne de conduite dans cette discussion. La proposition de la Commission relative aux accises sur le tabac impacterait le Luxembourg beaucoup plus que les autres pays de l'Union européenne. C'est quelque chose que je n'accepterai pas au sein de ces discussions qui auront lieu dans les mois à venir."

D’Recetten aus der Tubakssteier belafe sech zu Lëtzebuerg op iwwer 1 Milliard Euro d’Joer, wat bis zu 1,3 Prozent vum PIB ausmécht.

Fairness soll bei Verhandlungen eng Roll spillen

Den EU-Conseilspresident Antonio Costa sengersäits gesäit sech viru schwierege Verhandlungen.

"Une approche ambitieuse sur les nouvelles ressources propres de l'Union européenne est nécessaire pour attendre cet équilibre. Cela contribuera à réduire les contributions nationales et tout en soutenant de nouveaux investissements. dans la compétitivité, la défense et la sécurité."

D’Debatten hätte grad eréischt ugefaangen, an et wéilt een op d’Fairness oppassen, esou nach de Conseilspresident Antonio Costa an den CSV-Premier Luc Frieden.

Lauschterenplay_arrow