USA

Wäisst Haus soll Weltraumentreprisen ofgeroden hunn um Spezialsommet deelzehuelen

De franséische President Emmanuel Macron huet Firmen weltwäit aus dem Beräich vun der Weltraumfuerschung invitéiert. D'Wäisst Haus soll den US-Entreprisen ofgeroden hunn dorun deelzehuelen.

auto_stories

1 min

© EPA/SAMUEL CORUM /SIPA USA / POOL
(Foto: EPA/SAMUEL CORUM /SIPA USA / POOL)

Wéi Politico haut mellt, wieren ënner anerem dem Elon Musk seng SpaceX decouragéiert ginn, fir zu Paräis dobäi ze sinn. Domadder géif den Androck entstoen, datt si déi europäesch Politik géifen ënnerstëtzen. D‘Wäisst Haus hätt och vu Praktike geschwat, déi géint d‘Konkurrenzrecht géife verstoussen an den US-amerikaneschen Entreprisë géife schueden.

Frankräich bleift dobäi, datt d‘Diere fir dee Meeting géifen opstoen.