USA

Amerikanesch Tech Firma lancéiert trotz Bedenken neie KI Modell GPT-6 Astra

Déi amerikanesch Tech Firma OpenAI huet trotz Sécherheetsbedenken hiren néitse KI Modell GPT-6 Astra lancéiert. Déi kënschtlech Intelligenz Modeller vun OpenAI haten am Juli fir Schlagzeile gesuergt, nodeems si vum selwen eng autonom Hacker-Attack op eng aner Firma lancéiert haten.

auto_stories

1 min

GPT-6 Astra | © picture alliance / CFOTO
GPT-6 Astra (Foto: picture alliance / CFOTO )

De neie GPT-6 Astra gouf trotzdeem op de Maart bruecht - mee e wär fir elo mol just fir eng limitéiert Zuel vun Organisatiounen disponibel, huet OpenAI mat gedeelt. Et wiere Mesure geholl ginn, fir d‘Sécherheetsrisiken ze miniméieren, huet et nach geheescht.