Den aktuelle Maillot Jaune Tadej Pogačar sot, datt d’Chute villäicht mam ruinéierte Schlof vun der Nuecht zesummenhänke kéint. Den duebelen Olympiagewënner Remco Evenepoel huet dës Doppingkontroll an der Nuecht als respektlos bezeechent. An och de fréiere Lëtzebuerger Vëlosprofi Michel Ries huet de Moie bei eis op der Antenn hannerfrot, ob esou Kontrollen nach ze justifiéiere sinn.
"Ech mengen ëm zwou an der Nuecht muss een sech déi Fro berechtegt stellen, wéi mënschlech dat nach ass. Ech mengen op enger Course vun dräi Wochen, wou all Stonn Schlof, all klengen Detail eng Differenz mécht, fir Coureuren erwächen ze goe matzen an der Nuecht, ob dat nach ëmmer dee richtege Wee ass."
Et géif allerdéngs och beweisen, wéi streng d'Doppingkontrollen beim Tour de France wieren, esou de fréiere Lëtzebuerger Coureur. An awer wier et net optimal.
"Dat ass sécherlech keng gutt Konditioun fir eng schwéier Biergetapp den Dag duerno ze fueren, wou ee muss 100 Prozent konzentréiert sinn an, an och an den Descenten nach 100 Prozent Leeschtung muss liwweren."
Et wier schwiereg e Lien tëschent dem Jonas Vingegaard senger Chute an der Kontroll ze zéien, esou nach de Michel Ries, mee d'Auerzäit vun dëser wier net optimal gewiescht huet hien nach eng Kéier betount.
Lauschtert hei de ganzen Tëschebilan vum fréiere Lëtzebuerger Vëlosprofi Michel Ries