Mat Spuenien hätt dës Weltmeeschterschaft e verdéngte Gewënner, fënnt de Manuel Cardoni. D’Spuenier hätte konstant um allerhéchsten Niveau gespillt, esou den techneschen Direkter vun der Fussballfederatioun. An dat mat enger Taktik, déi verschidde Leit schonn als veraalt ugesinn hunn.
"Wat bei hinnen am Fong impressionnant ass, dass virun e puer Joer gouf gesot, jo, de Ballbesëtzfussball dat ass eriwwer an et ass net eriwwer. Si hunn, ouni elo deen aussergewéinleche Star ze hunn, wann een elo vläicht de Rodri eraushëlt, iwwert déi WM einfach déi Konstantst an hunn dat praktesch iwwert déi 8 Matcher permanent op den Terrain bruecht."
Fir de Manuel Cardoni wier et dofir och keng Weltmeeschterschaft, wou de Kollektiv den Ënnerscheed gemaach hätt, mee eng gewëss Spillphilosophie. Natierlech wier de Kollektiv och wichteg, wéi ee bei Frankräich oder Argentinie gesinn hätt, mee de grousse Worf wier schlussendlech Spuenie mat hirer Ballbesëtzphilosophie gelongen.
Kee Shootingstar bei dëser WM
Bei fréiere Weltmeeschterschafte goufen et ëmmer mol Spiller, déi beim Tournoi grouss opgespillt hunn a sech doduerch ervirgedoen hunn. Zum Beispill de Kolumbianer James Rodriguez bei der WM 2014. Dëst Joer gouf et awer keen sou e richtege Shootingstar. Dat gesäit och de Manuel Cardoni esou.
"Et war elo keen dobäi, wou ech soen, voilà, dat ass elo den neien, den neien Zidane, den neie Messi oder esou. Dat war effektiv an deem Fall net. Dat sprécht dann erëm op déi aner Theorie, dass d'Kollektiv dann awer trotzdeem eng wichteg Roll spillt."
Trump-Telefonat beim FIFA-President: Eng ganz schlecht Entwécklung
Datt den US-President Donald Trump dem FIFA-President Gianni Infantino ugeruff hat, fir d’Rout Kaart géint den US-Stiermer Folarin Balogun zeréckzezéien – an nach domat duerchkomm ass – wier eng ganz schlecht Entwécklung, esou de Manuel Cardoni.
"Do hunn ech bei mir geduecht, elo ass d'Dier op fir alles. Well elo kanns de zu all Moment alles a Fro stellen a réckgängeg maachen an iergendwéi kucken op deng Säit ze zéien. Ech hunn e bëssen d'Impressioun, dass d'FIFA, spréch den Infantino, e bëssen esou nom Motto lieft, jo, wat soll mir scho geschéien."
Wéinstens géif elo zumindest an Europa e bëssen eng Oppositioun géint de FIFA-President Infantino wuessen, huet de Manuel Cardoni d’Impressioun. Fir aner Verbänn géif dat awer net gëllen, an dat aus deem übleche Grond.
"Mir wësse jo, dass esou Turnéieren immens vill Sue generéieren an déi Sue ginn dann natierlech och un d'Verbänn verdeelt. Natierlech och un eng Fussballfederatioun vu Lëtzebuerg, ganz kloer. Mee ech mengen et sollt awer trotzdeem iergendwou eng Kéier de bon sens erëm akéieren. Elo schwätze mer scho vu 64 Ekippen. Wat soll dat dann nach? Da muss ech soen, dann ass mir eng Europameeschterschaft léiwer."
Et misst een oppe bleiwe fir Neierungen, och am Fussball, esou den techneschen Direkter vun der FLF. Dobäi dierft een de Fussball awer net futti maachen.
Lauschtert hei de ganzen Interview mam techneschen Direkter vun der FLF, dem Manuel Cardoni