De Match ëm déi 3. Plaz gëtt dacks belächelt an net eescht geholl. Dat ass och duerchaus berechtegt, schliisslech si béid Ekippe méi wéi enttäuscht, et net an d'Finall gepackt ze hunn. Dacks sinn dës Matcher dofir animéiert, well et ëm net méi vill geet. Dat war gëschter Owend zu Miami definitiv de Fall.
Virentscheedung zur Halbzeit?
England konnt schonn no 3 Minutte mat 1:0 a Féierung goen. Dat duerch de Kapitän Declan Rice. Den Harry Kane souz op der Bänk, genee wéi och den Jude Bellingham. D'Ekipp vum Thomas Tuchel huet monter no vir gespillt, soudatt et no 45 Minutte 4:0 stoung.
Dem Didier Dechamps seng Ekipp, fir deen et de leschte Match als franséischen Nationaltrainer war, war defensiv quasi net present. Eng riseg Blamage huet sech ugedeit.
Frankräich wéi ausgetosch
No der Paus waren d'Rollen awer getosch: Frankräich huet bannent 10 Minutten zwee Goler geschoss, soudatt e Comback méi wéi realistesch geschéngt huet. England hat vun enger Minutt op déi aner d'Fussballspille verléiert.
Beim Stand vu 4:3 kruten d'Three Lions dunn awer en Eelefmeeter zougesprach, soudatt si nees op 5:3 erhéije konnten.
Wie gemengt huet, dat wier et gewiescht, deen hat sech geiert: Kuerz viru Schluss markéiert den Dembélé de 5:4. Komme les Bleus nach zum Ausgläich? Nee, well de Bellingham mat der leschter Aktioun vum Match nach déi ganz franséisch Defense ëmdribbelt a mam 6:4 de Schlusspunkt vun dëser verréckter Partie setzt.
Mbappé mat gudde Chancen op de Golden Boot
Déi drëtte Plaz ass fir England dat bescht Resultat op enger WM zënter hirem Titel am Joer 1966.
Iwwerdeems huet de Kylian Mbappé, deen zwee Goler geschoss huet, gutt Chancen, de beschte Buteur vun dëser WM ze ginn. Hien huet zwee Goler Virsprong op de Messi, deen haut mat Argentinie géint Spuenien an der Finall steet.