Fussball-WM 2026

Iwwer 40 Joer nom Krich: Falkland-Insele suerge weider fir Tensiounen

No der  Halleffinall  tëschent England an Argentinien, koum et zu engem Virfall, deen diplomatesch Spannungen ausgeléist huet. Nom Match hunn argentinesch Spiller e Banner héichgehalen, wou op drop steet: "D'Falkland-Insele sinn argentinesch." A Groussbritannien gouf dee Message schlecht opgeholl.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

E Banner vun der argentinescher Nationalekipp op deem op Spuenesch steet "D'Falklandinsele sinn argentinesch" | © EPA/WILL OLIVER play_arrow
E Banner vun der argentinescher Nationalekipp op deem op Spuenesch steet "D'Falklandinsele sinn argentinesch" (Foto: EPA/WILL OLIVER)

D'Britten, deenen dës Inselen zënter dem 19.Joerhonnert gehéieren, waren doriwwer guer net begeeschtert.

Brittesch Regierung huet sech scho geäussert

De Match war eng batter Defaite fir England an dës Provokatioun huet nach eemol Salz an d'Wonne gestreet. D'brittesch Regierung hat direkt den Donneschdeg de Moie reagéiert.

"D'Coupe ass leider net eis, mee d'Falkland-Inesele sinn et awer definitiv."

De Wirtschaftsminister Peter Kyle sot, d'Aktioun wier total onpassend an d'Politik hätt näischt um Terrain verluer. Den Ed Davies, de Leader vun de Liberaldemokraten, huet souguer gefuerdert, datt verschidde Spiller vun der Finall disqualifizéiert ginn. 

D'Falkland-Inselen: En ëmstriddenen Territoire

D'Falkland-Insele sinn ee britteschen Territoire am Südweste vum Atlantik, ronn 500 Kilometer vun der argentinescher Küst ewech.

1982 hat Argentinien d'Insele besat an et koum zum Krich, dee Groussbritannie schliisslech gewonnen hat. De Simon Weston, e brittesche Veteran vum Falklandkrich sot op der BBC, datt d'Aktioun vun de Spiller de Match an den Dreck gezunn hätt an datt et respektlos wier vis-à vis vun de Famille vun de gefalenen Zaldoten. 

"D'Fans kënnen esou kannerech sinn, wéi se wëllen, mee d'Spiller an d'Organisatioune solle professionell sinn a Respekt virun de Leit hunn. Si si schliisslech Professioneller an erwuesse Leit an se solle sech och esou behuelen."

Weider Provokatiounen aus Argentinien

D'argentinesch Vizepresidentin Victoria Villaruel huet op X weider Drock gemaach. Si huet geschriwwen, datt d'Falkland-Inselen argentinesch wieren an datt d'Argentinier déi am Häerz an am Blutt géingen droen.

D'Tensiounen tëschent Groussbritannien an Argentinie gëtt et ëmmer erëm, a fir Groussbritannien ass et och eng Fro vun der Sécherheet. Et wier net u Futtballisten oder Politiker fir d'Zukunft vun den Inselen ze bestëmmen, mee un den Awunner selwer,  sot de Chris Curtis, ee Labour-Deputéierten. Schliisslech hätten d'Awunner 2013 engem Referendum zu 99.8 Prozent dofir gestëmmt, datt hiert doheem brittesch bleift

"Dës Regierung an all zukünfteg Regierunge sollen alles maachen, fir d'Insele weider ze verdeedegen." 

De Premier Keir Starmer sot, hie wier dofir, datt d'FIFA eng Enquête opmécht. Hien huet gëschter allerdéngs probéiert, d'Tensiounen e bëssen erofzekuerbelen. Vun der Downing Street huet et geheescht, de Premier géing deenen zwou Ekippen an der Finall alles guddes wënschen, virun allem awer de Spuenier.

Lauschterenplay_arrow