Vu groussem Interessi fir d’Oppositioun war d’Informatioun, wéini sech de Plang vum Sportsmusée an dee vun engem Kongresszenter entwéckelt huet. Op dës Fro koum et awer vu Regierungssäit zu kenger Äntwert, kritiséiert d’Oppositioun.
Fir e Fall wéi dësen an Zukunft ze vermeiden, huet de Sportsministère awer nei Mesuren implementéiert, esou d’CSV-Sportministesch Martine Hansen an der Chamber.
"Et muss ee kucken, datt dat an Zukunft verhënnert gëtt. Dofir hu mer eis och mam Cabinet vum Sportsministère juristesch Verstäerkung geholl. Do hu mer eng Juristin erageholl. Mir hunn elo eng Formatioun Marché public organiséiert, fir alleguerten déi Leit, déi mat deenen Ausschreiwunge kéinten ze dinn hunn, fir datt déi elo eng Formatioun kréien."
Sportmusée war mat Grond fir dem Georges Mischo seng Demissioun
Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard sot eis op Nofro hin, datt et sech mat dem aktuellen Informatiounsstand net loune géing weider an dësen Dossier ze kucken.
Wéinst onklore Prozeduren an ëmstriddenen Opträg an der Affär vum Sportsmusée war de Georges Mischo als Sportminister ënner Drock geroden. Kuerz no der Affär huet hien Enn d’lescht Joer demissionéiert.