Dat huet de Philippe Meyers, President vum SIGI, am 100,7 Interview gesot. Hie reagéiert domat op Aussoen, déi d'FGFC Mëtt Juli op enger Pressekonferenz gemaach hat. D’FGFC hat gefuerdert, de SIGI dem staatlechen Informatikzentrum CTIE ënnerzeuerdnen.
De Philippe Meyers fënnt, d’FGFC hätt mat dëser Fuerderung géint den Interessi vu senge Membere beim SIGI gehandelt.
"De 17. Juli huet also d'FGFC weeder besser Aarbechtskonditioune mam SIGI gefuerdert, nach méi Personal, oder dass mir vläicht méi sollten investéieren, mee si huet am Fong d'institutionell Ofschafung vun hirem Employeur gefuerdert. A fir eng Gewerkschaft ass dat fir mech schonn e bemierkenswäerte Widdersproch."
Approche vun der FGFC iwwerrascht de Philippe Meyers
Eppes hat de President vum SIGI, Philippe Meyers, besonnesch un der FGFC hirer Approche verwonnert: De SIGI hätt ee Mount virun der FGFC hirer Pressekonferenz op engem groussen Event seng Strategie virgestallt.
D’FGFC wier do och vertruede gewiescht an hätt deemools näischt um Plang auszesetze gehat. Op där Konferenz war de Plang fir déi nächst Zäit virgestallt ginn, esou de Philippe Meyers.
"Mir hunn nach e Programm, dee relativ al ass effektiv, deen eise Core Business duerstellt. Do si mir amgaang ëmzeschreiwen. An dee sollt dann an de SIGI Connect erafléissen, wann et méi e grousse Portal gëtt, wou am Fong herno alleguerten d'Gemengemataarbechter kënnen drop zougräifen."
Iwwerdeems wier eng Plattform fir Formatioune geplangt souwéi eng integréiert KI. Änlech wéi op nationalem Niveau soll op der Basis vun der franséischer KI Mistral och fir d’Gemengen en Chatbot agefouert ginn. Dat fir Aarbechter:innen a Bierger:innen.
Fir dëse System opzebaue gouf e KI-Spezialist agestallt.
Gemengerechnungen op MyGuichet consultéieren
De Philippe Meyers fënnt, datt de SIGI och scho Fortschrëtter gemaach hätt wat Digitaliséierung a Standardiséierung vun den Donnéeën ugeet.
Zum Beispill kéinten zënter Februar all Gemengerechnungen op MyGuichet consultéiert ginn. Dëst wier ee Schrëtt Richtung d’Zil vun enger kompletter Integratioun vun alle Gemengeservicer a MyGuichet.