Aarbecht

Marc Spautz kënnegt un: Den Temps partiel familial soll d’nächst Joer agefouert ginn

Eltere vu Kanner vun ënner 13 Joer sollen hir Aarbechtszäit dann ëm zéng Prozent kënne reduzéieren, kënnegt den Aarbechtsminister Marc Spautz (CSV) am 100,7-Interview un. Bei enger Schaffzäit vu 40 Stonnen d’Woch also ëm véier Stonnen.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

© Chambre Des Députés play_arrow
(Foto: Chambre Des Députés)

Dësen onbezuelten neie Congé soll awer - anescht wéi vum CSV-Premier Luc Frieden ugekënnegt - kee Recht ginn. 

No 3 Joer ass kloer: Et gëtt kee Recht mee eng Fräiwëllegkeet

No der Formatioun vun der deemools neier CSV-DP-Regierung hat de Premier Luc Frieden den “Temps partiel familial” ugekënnegt, dat an der Regierungsdeklaratioun Enn November 2023 an der Chamber.

"Fir Famill a Beruff besser ënner een Hutt ze kréien, gi mer Elteren, déi Vollzäit schaffen an dat wëllen, e Recht op véier Stonne pro Woch onbezuelte Congé, en Temps partiel familial, bis hir Kanner 13 Joer al sinn, fir esou méi Zäit mat de Kanner no der Schoul kënnen ze verbréngen." 

Bal dräi Joer ass dat elo hier. An elo gëtt kloer, datt den Temps partiel familial kee Recht fir déi Beschäftegt wäert ginn.

Temps partiel familial soll Sujet am CPTE vum Oktober ginn

Den Aarbechtsminister Marc Spautz huet eis dës Woch erkläert, dat géif op Fräiwëllegkeet berouen. 

"A wou et och kee Remboursement gëtt. Et ass ebe just, datt de Patron an de Salarié sech mussen eens ginn, datt wa si an där Situatioun sinn, mat engem Kand vun ënner 13 Joer, datt een da seng Aarbechtszäit vum Vertrag ëm 10 Prozent ka reduzéieren."

De fäerdegen Text, mat deem ënner anerem de Temps partiel familial soll agefouert ginn, wëllt de Marc Spautz den nächste Mount mam Patronat a mat de Gewerkschaften diskutéieren, an enger Sitzung vum CPTE.

"Normalerweis ass dat net de Comité permanent du travail et l’emploi vu September, mee deen éischten am Oktober. Da wäert ech de Sozialpartner déi sämtlech Projeten op den Dësch leeën. An dann hoffen ech, datt ech do de Go kréien, an datt mer déi dann nach kënnen am Oktober deposéieren."

Den Aarbechtsminister hofft doriwwer eraus, datt de Projet dann Ufank 2027 vun der Chamber ka gestëmmt ginn.

Skepsis op Patronatssäit

Bilateral Gespréicher mam Patronat a mat de Gewerkschafte wiere scho gefouert ginn, esou de Marc Spautz. Hie gëtt zou, datt et bei de Patrone gewësse Bedenke gëtt, beim “Temps partiel familial”. 

"Deemno wat da geschitt, wat fir een Dag, wann et dann och nach e Krankheetsfall gëtt, datt se da Schwieregkeete kréien: Et ass dat wat d’Patrone soulignéiert hunn. Si hu gesot, mir hu kee Problem, datt dat kënnt, mee de Problem hänkt ëmmer vun der Gréisst of, wéi ech duerno mäi Betrib organiséiert kréien, well ech kann de Betrib net einfach dowéinst zouspären."

Een éischte Bilan soll no 3 Joer gezu ginn

Den neie Congé soll den Elteren d’Méiglechkeet ginn, d’Zäit mat hire Kanner besser organiséiert ze kréien, hofft de Marc Spautz. Dräi Joer no der Aféierung dovu soll e Bilan gezu ginn. 

"Mee dass et elo mol d’Chance och de Leit aus dem Privatsecteur gëtt, fir Leit, déi Kanner ënner 13 Joer hunn, kënne mol vun esou enger Richtung ze profitéieren. (...) An datt domat déi Méiglechkeet géif geschafe ginn, op legaler Basis, dat kënnen ze hunn, ouni mussen d’Office ze soen, ech maachen elo definitiv eng Reduktioun vu menger Tâche ëm déi zéng Prozent."

Den neie Congé, den “Temps partiel familial”, soll an engem Gesetzprojet zesumme mat weidere Congés-Ännerungen agefouert ginn.

Méi Flexibilitéit fir de Congé de Maternité 

Dozou gehéiert och de schonn ugekënnegten neie Congé fir Elteren no enger Feelgebuert, esou den Aarbechtsminister. 

"Wou et do dorëm geet fir datt d’Leit dann d’Méiglechkeet kréien, fënnef Deeg Congé ze kréien, Mamm a Papp. Dat ass awer eréischt bei der Feelgebuert no der 22. Woch."

Donieft soll et an Zukunft awer och eng Flexibilitéit beim Congé de Maternité ginn, huet den Aarbechtsminister ugekënnegt. 

"Wou et jo elo de Moment aacht Woche virdrun an 12 Wochen duerno ginn. Datt do d’Méiglechkeet geschafe gëtt (...), dat gehéiert an dee ganze Projet mat dran, datt een dann nëmme sechs Wochen oder véier Wochen - deemno wéi d’Schwangerschaft verleeft – virdrun ze huelen, an datt een déi kann hannendru bäihänken."

De Gesetzprojet mat all de geplangten neie Congésreegele soll also am Oktober op den Dësch kommen, an e kéint Ufank vum neie Joer an der Chamber gestëmmt ginn, hofft de Marc Spautz.

Lauschterenplay_arrow