D’Mesure géif zwar als Fortschrëtt fir d’Vereenbarkeet vu Beruff a Famill presentéiert ginn, mee géif awer virun allem deene Leit zeguttkommen, déi sech eng Reduktioun vun hirem Akommes leeschte kënnen, esou d’Oppositiounspartei.
LSAP fäert negativ Konsequenze fir Fraen
Weider wier déi Optioun just méiglech, wann de Patron domat d’accord ass, kritiséiert d’LSAP Partei-Presidentin Maxime Miltgen:
"Et ass amfong eng Mogelpackung. Well u sech stoung am Koalitiounsaccord, datt et e Recht soll ginn. Et ass elo kee Recht méi, mee nëmmen eng Méiglechkeet, déi muss mam Patron verhandelt ginn, wou de Patron an de Salarié dann d'Accord musse sinn, wou warscheinlech vill Patronen guer net wäerten dee Wee goen."
Dës geplangten Ännerung wäert virop op Frae géif zeréckfalen, fäert d'Maxime Miltgen.
"Ech wollt drun erënneren, datt och do am Walkampf d'CSV eng Kéier e Post gemaach hat, véier Stonne méi Mama. Si hunn et zwar duerno erëm erofgeholl, mee do huet ee scho gutt gemierkt, a wéi eng Richtung et am Fong sollt goen an dat ass eeben eis grouss Angscht."
Doduerch géif een de Risiko lafen, datt Frae finanziell ofhängeg ginn oder negativ Konsequenzen op hir Karriär hunn, esou d'Maxime Miltgen.
D’LSAP plädéiert fir eng allgemeng bezuelten Aarbechtszäitreduzéierung fir jiddereen.