D'AAP warnt an deem Kontext virun enger ëmmer méi ugespaanter Situatioun an de Prisongen. Den Uerschterhaff zu Suessem wier aktuell iwwerbeluecht, an och de Prisong zu Schraasseg géif u seng Kapazitéitsgrenze stoussen.
Dat géif den Drock op d'Aarbechtskonditioune vum Personal erhéijen an och Sécherheetsfroe fir d'Beamten an d'Prisonéier opwerfen, esou nach d'Associatioun vun de Giischtercher.