Educatioun

No schlechte PISA-Resultater: Oppositioun och iwwer Desinteressi u Schoul besuergt

D'Deputéiert kruten an der zoustänneger Chamberkommissioun d'Resultater vun der PISA-Etüd presentéiert. No deene schlechte Resultater hunn d'Deputéiert sech op en Neits erféiert gewisen, notamment a punkto Lieskompetenzen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Radio 100,7 play_arrow
(Foto: Radio 100,7)

38 Prozent vun de Schüler:innen, déi un der PISA-Etüd participéiert hunn, hunn d’Basiskompetenzen am Liesen net erreecht, déi vun der OECD definéiert goufen.

Liesen als Basiskompetenz fir d'Liewen

Dat ass d’Haaptsuerg vum Educatiounsminister Claude Meisch, an ënner anerem och vun der grénger Deputéiert Djuna Bernard, déi drop hiweist, datt et hei méi wäit geet ewéi nëmmen em Bicher.

"Et geet ëm d'Kärkompetenz vun eens ginn duerno am Liewen a sech mat Texter auserneesetzen, déi och kritesch hannerfroen."

Dat wiere Basiskompetenze fir duerno am Liewen eens ze ginn, esou d'Djuna Bernard. 

"Net nëmme wéi vill Bicher ee liest. Dat interpelléiert mech op engem demokrateschen Niveau an engem Zesummeliewen an der Gesellschaft, wou ech wierklech mengen, datt mer dat ganz eescht mussen huelen." 

Beim Verbuet vu Soziale Medie sollt nogeschäerft ginn

Den Educatiounsminister Claude Meisch war grad ewéi d’Experte vun der OECD der Meenung, datt den Abus vum Handy ganz schiedlech ass fir d’Konzentratioun vun deene Jonken. 

"Do ass d'Äntwert kloer gewiescht vun der OCDE, dat ass awer de Smartphone, dat sinn déi sozial Medien, déi en enormen Impakt op d'Capacitéit fir ze Léiere vun deene Jonken hunn."

Dofir sollt do nogeschäerft ginn. 

"Ech hu vill Direktere begéint op deenen ënnerschiddleche Plazen, elo ronderëm d'Rentrée vun de Lycéeën an déi sinn eigentlech alleguerte ganz, ganz frou doriwwer. Mir wäerten awer mat hinnen diskutéiere wéi d'Modalitéite sinn." 

LSAP besuergt iwwer Desinteressi

D'LSAP-Deputéiert Francine Closener huet sech iwwer den héije Prozentsaz u Schüler:innen interesséiert, déi d’Schoul net sënnvoll fannen. 

"A puncto Léierplang am Secondaire, hutt Der jo gesot, dat kënnt sécher eréischt an der nächster Legislaturperioden. Wëllt Der net awer méi Tempo dra maachen, wann ee gesäit, datt dat wat haut enseignéiert gëtt offensichtlech net dat ass, wat d'Schüler interesséiert."

Opgefall ass, datt 80 Prozent vun de Schüler:innen, déi bei PISA matmaachen uginn hunn, datt se dat net an hirer Mammesprooch géife maachen. Bei der nächster PISA-Etüd 2029 kéinten d’Schüler:inne verschidde Sproochen a verschidden Epreuvë wielen.

An allen anere Länner, déi bei der PISA-Etüd matgemaach hunn, hätt een déi Vilfalt u Sproochen net, wéi dat zu Lëtzebuerg de Fall ass, gouf e puer mol ënnerstrach.

Lauschterenplay_arrow