USA

Fënnef Mënsche stierwe bei Fligeraccident zu Miami, fënnef weider Blesséierter

Bei engem Fligeraccident zu Miami sinn op d‘mannst fënnef Mënschen ëm d‘Liewe komm. Um Internationale Flughafe vu Miami ass eng Cargomaschinn vun Amazon bei der Landung iwwer d‘Pist erausgerullt, an e puer Gefierer geknuppt an a Brand geroden.

auto_stories

1 min

© EPA/D.A. VARELA
(Foto: EPA/D.A. VARELA)

Fënnef Leit goufe blesséiert, dräi dovu liewensgeféierlech. Ob et sech bei den Affer ëm Member vum Equipage oder Leit um Buedem handelt, ass nach onkloer.

D‘Ursaach vum Accident ass nach net gekläert. Den accidentéierte Fliger, eng Boeing 767, ass méi wéi 30 Joer al.