Indonesien

Vulkanausbroch an Indonesien: Honnerte Flich ofgesot, ëmgeleet oder verspéit

Um Flughafe vun der indonesescher Haaptstad Jakarta sinn Honnerte Flich ofgesot ginn, well ee Vulkan ausgebrach ass. Vuklanäschen hänken iwwer dem Fluchhafen. Dat ass geféierlech, well d‘Äschen d‘Motore vun de Fligere kënne beschiedegen.

auto_stories

1 min

© EPA/FAISAL RAMADHAN
(Foto: EPA/FAISAL RAMADHAN)

Am Ganzen si méi wéi 760 Flich betraff huet de Bedreiwer vum Flughafe matgedeelt. Déi wieren entweder ofgesot, ëmgeleet oder verspéit ginn.