Elektromobilitéit

Vehicle-to-Grid: Mat engem E-Auto Stroum zeréck an d'Netz speisen

Ee Problem vun erneierbarer Energie ass, datt genee da vill disponibel ass, wann net vill verbraucht gëtt. Eng Léisung ass d'Notze vu Batterien, och déi vun Elektroautoen. Déi kënne Stroum zeréck an d'Netz speisen. Dës Technologie heescht Vehicle-to-Grid a soll zu Lëtzebuerg deemnächst getest ginn.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© Bigstock play_arrow
(Foto: Bigstock)

Beispillsweis liwwere Sonnepanneauen matten am Dag am meeschte Stroum. De meeschte Stroum gëtt awer an de fréie Moiesstonnen an owes verbraucht.

Nieft de Batterien, déi een am Haus installéiere kann, kann een awer och säin Elektroauto als Batterie benotzen. An dësem Fall kann den Auto dann esouwuel mat Stroum vum Netz geluede ginn, wéi och Stroum un d'Netz zeréck speisen. 

Je no Auerzäit vum niddrege Stroumpräis profitéieren

Datt d’Benotze vum elektreschen Auto als Batterie Virdeeler huet, dovun ass de Nicolas Back, Responsabele fir d’Innovatioun bei Creos, iwwerzeegt. Virun allem fir méi erneierbar Energie kënnen ze notzen, an esou d’Energietransitioun weider ze dreiwen.

"Dat erlaabt et eis fir esouwuel déi erneierbar Energië méi effizient an de Reseau ze integréieren an och ze hëllefen, wa mir Consommatiounsspëtzten hunn, fir eeben dann dee Stroum zeréck an de Reseau ze speisen."

Och finanziell kann d’Vehicle to Grid Technologie Virdeeler mat sech bréngen, esou den Nicolas Back. An zwar dann, wann den Auto zu Dageszäiten opgeluede gëtt, wou e bëlleg ass, well grad net vill Demande do ass. An dann erëm zeréck an d’Netz speist wann en deier ass.

"Wa vill Stroum do ass, dann ass de Stroum um Marché an der Reegel och méi bëlleg. Dat heescht, wann d'Clienten do och geziilt Stroum consomméieren, da kënne si och vu méi niddrege Marchéspräisser profitéieren."

Fir datt den Auto kann un d’Haus ugeschloss ginn an de Stroum och zeréckschécke kann, brauch een dat néidegt technescht Material: Nämlech e kompatibele Chargeur an en Auto, dee Vehicle-to-Grid ënnerstëtzt.

Client soll just mussen de Stecker astiechen

Déi meescht nei Elektro-Autoe kënnen dat bidirektionaalt Lueden elo schonn. Am Haus muss dofir awer en neie Stecker installéiert ginn.

Esoubal den Auto doheem steet, sollt en dann och ëmmer agestach sinn. De ganze Rescht sollt dann automatesch funktionéieren, erkläert de Responsabele fir d’Innovatioun vum Stroumfournisseur Enovos, Ivan Deschamps.

"Notre objectif c'est d'arriver à avoir une application et un service qui permet une charge 100% automatique. Le client ne s'en soucie pas et branche son véhicule. Et nous gérons pour lui la charge." 

Enovos wëllt dann och dat bidirektional Luede vun Autoen an Zukunft testen. Dat wier e gutt Stéck méi komplizéiert wei just d’Oplueden, dowéinst ginn et nach Obstakelen, déi mussen iwwerwonne ginn, bis d’Clienten e Vehicle-to-Grid System kënnen notzen.

"Quand on fait de l'injection d'énergie, c'est effectivement quelque chose qui est relativement complexe et je crois qu'il y a encore effectivement pas mal de barrières. Mais une des grandes barrières, c'est effectivement la fragmentation des protocolles de communication et également des différentes technologies des fabricants de véhicules électriques."

Reseau wier eigentlech scho prett

Dat konstant Lueden an Entluede vun der Autosbatterie féiert natierlech dozou, datt dës méi staark strapazéiert gëtt. Datt d’Batterie dovun awer e Schued hëlt, wier net de Fall, verséchert den Ivan Deschamps. 

Et géif ee mat den Autoshiersteller zesummeschaffen a just esou vill entlueden, wéi den Hiersteller och recommandéiert. De Lëtzebuerger Reseau wier haut scho prett fir dat bidirektionaalt Lueden, esou d’Creos. Et läit elo also un de Stroumfournisseure fir ze kucken, datt kompatibel Chargeuren installéiert ginn. Mee och datt d’Konsumenten dës nei Technologie notze kënnen. 

Enovos plangt an den nächste Méint e Smart Charging Pilot Projet, bei dem d’Autoen dann opgeluede gi wann am meeschte Solarenergie disponibel ass. Wéini Vehicle-to-Grid kann ugebuede ginn, kann de Stroumfournisseur awer nach net soen.

Lauschterenplay_arrow