Konsequenz vu russescher Dron

No Goethe-Instituter mécht Russland och däitscht Generalkonsulat zu St.Petersburg zou

Russland mécht nieft de Goethe-Instituter och dat däitscht Generalkonsulat zu Sankt Petersburg zou. Dat huet de russeschen Ausseministère matgedeelt. Als Datum fir d‘Fermeture gouf den 18. September genannt. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / Bonn.digital | Marc John
(Foto: picture alliance / Bonn.digital | Marc John)

Iwwerdeems goufen d‘Mataarbechter:inne vun den dräi Goethe-Instituter zu Moskau, Sankt Petersburg a Nowosibirsk opgefuerdert, Russland bis spéitstens e Sonndeg ze verloossen. Domat reagéiert Russland op d‘Fermeture vum Russeschen Haus zu Berlin an dem russesche Generalkonsulat zu Bonn. 

Dat nodeems Däitschland Russland responsabel gemaach hat fir déi mësslongen Attack mat enger Sprengstoff-Dron um Flughafe vu Leipzig ugangs August.