Israeeleschen Investisseur: VW-Wierk Osnabrück soll fir Defenseproduite genotzt ginn
Den däitschen Autoskonzern VW baut seng Fabrick zu Osnabrück als Kompetenzzentrum fir d‘Verdeedegungsindustrie ëm. D‘Autosproduktioun soll do nächste Summer ophalen. Amplaz sollen dann als éischte Projet Loftverdeedegungs-Systemer an der Fabrick produzéiert ginn.
D'Wierk vu Volkswagen zu Osnabrück (Foto: EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF)
Volkswagen huet en deementspriechenden Accord mat engem israeeleschen Investisseur a mam Land Niedersachsen ofgeschloss, huet de Konzern matgedeelt.
Vun de ronn 1.800 Leit, déi bei VW zu Osnabrück schaffen, hätten der ronn 1.200 eng laangfristeg Perspektiv kritt.
Den Ëmbau vun dëser Fabrick ass Deel vun där grousser Ëmstrukturéierung vu VW am Kader vun där de Konzern weltwäit zousätzlech 50.000 Aarbechtsplazen ofbaut.