Duerch dës Ännerung erhofft de President vun der FGFC Claude Reuter sech, datt d’Gemengen elo méi séier Leit astelle kënnen. Mat deenen zwou Epreuven hätt et heiansdo bis zu zwee Joer gedauert, bis eng Persoun all d’Hürde bestanen hat, fir agestallt ze ginn.
“Duerch déi Épreuve d'aptitude générale, déi dann och nach komescherweis net grad gënschteg zu deem 2. Exame loung, huet et deelweis bis zu zwee Joer gedauert, bis mer eng Persoun dobannen haten."
Wéinst der Nout um Mann sinn dowéinst och heefeg Leit am Salariat agestallt ginn. Wat per se och näischt Schlechtes wier, esou de Claude Reuter. D’ëffentlech Verwaltung sollt awer primär mat Beamten an der Administratioun besat ginn.
Rekrutementsprozeduren beim Staat an de Gemengen
Vum 15. September u leeft och eng nei Rekrutementsprozedur beim Staat un. Hei muss eng Persoun sech fir d'éischt op e Poste mellen a kann dann eréischt d’Épreuve d'aptitude generale maachen. Déi ass awer just nach ee Joer gülteg.
Bei de Gemenge brauch een dës Epreuve jo elo net méi. De “Gemengen-Examen” fir déi jeeweileg Lafbunn bleift fënnef Joer gülteg. Op d’Fro, ob dat net zu méi Konfusioun féiert, sot de Claude Reuter, datt et misst een ëffentlechen Déngscht mat enger Entrée ginn.
Wéi genau esou eng Harmoniséierung kéint ausgesinn, misst een nach kucken a sollt beschtefalls zesummen ausgeschafft ginn.
Beruffsschoul fir Leit optimal auszebilden
Ee Wee, deen d’FGFC gesäit, an och scho mam zoustännege Ministère beschwat huet, ass dee vun enger Beruffsschoul.
“Fir dat auszebilden, wat mer brauchen, well Dir kënnt net onbedéngt vun enger Première einfach esou an eng Recette kommen, dat geet zwar, mee do brauch een nach e bësse Cours, fir datt en seng Aufgab kann anstänneg maachen.”
D'Necessitéit vun esou enger Beruffsschoul wier och vum Ministère unerkannt ginn, mee et wier den Ament awer nach ze fréi fir Neel mat Käpp ze maachen.
Wat den ëffentlechen Déngscht an de Privatsecteur ugeet, plädéiert de Claude Reuter fir ee Mateneen. Wa Lëtzebuerg eng gesond Privatwirtschaft huet, géif och den ëffentlechen Déngscht dovunner profitéiert.
“Et ass wichteg, net ze vergiessen, datt de Privatsecteur eis Paien eigentlech matbezilt, wéi jo och d'Steieren”
An de leschte véier Joer sinn iwwer 70 Prozent vun de neien Aarbechtsplazen hei am Land am ëffentlechen oder am konventionéierte Secteur entstanen.
Basisdemokratesch Walen
D'Gewerkschaft vum Gemengepersonal huet sech an de leschten zéng Joer komplett reforméiert. Nieft dem Ofschafe vun der Epreuve générale d'aptitude am kommunale Secteur ginn ab dësem Hierscht och Basisdemokratesch Wale bei der FGFC ofgehalen.
Dat heescht, datt déi 5.000 Memberen aus der Gewerkschaft sech bei de Wale kënnen opstellen. D’ Wale vum Comité Directeur vun der FGFC sinn elo Mëtt September. De Claude Reuter hätt sech selwer och nach eemol opgestallt.