Automobilindustrie

Porsche wëllt weider 5.000 Plazen ofbauen

Beim däitschen Autoskonstrukteur Porsche sollen nach emol 5.000 Plazen ofgebaut ginn. En zweete Spuerpak wier gëschter Owend op de Wee bruecht ginn, mellen däitsch Medien. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / imageBROKER | Arnulf Hettrich
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Arnulf Hettrich)

Wéi et heescht sollen déi 5.000 Plazen am Sëtz vu Porsche zu Zuffenhausen an am Entwécklungszentrum zu Weissach ofgebaut ginn.

Porsche gehéiert zum VW-Konzern an hat zejoert schonn en éischte Spuerpak mat Ofbau vu 4.000 Plazen ugekënnegt.