D'Gloria Steinem huet sech Joerzéngte laang fir Gläichberechtegung a Fraerechter agesat. An de 70er an 80er Joren huet si zu deene prominentste Vertriederinne vun der Fraerechtsbeweegung an den USA gehéiert.
International ass si ënner anerem bekannt ginn duerch eng Undercover-Reportage als Playboy-Bunny.
2013 ass d'Gloria Steinem vum deemolegen US-President Barack Obama mat der Presidential Medal of Freedom ausgezeechent ginn.