Den US-President fuerdert scho laang niddereg Zënsen, an hien hat op de Kevin Warsh gehofft. Hien hat dofir gesuergt, datt de Kevin Warsh dee Posten am Mee vum Jerome Powell iwwerhuele konnt.
Deen hat sech an der Vergaangenheet ëmmer géint d‘Fuerderunge vum Donald Trump gestäipt.
Dës nei Zënshausse ass déi éischt zënter dräi Joer. Et ass eng Reaktioun op d'Inflatioun vun 3,7 Prozent, déi et aktuell an den USA duerch héich Energiepräisser an dem Krich am Noen Oste ginn.