Bis den Hierscht sollen déi siwe Fraktiounen a Sensibilitéiten an der Chamber hir Positiounen ausschaffen, ob bei dëser Fro gesetzlech Upassungen néideg sinn, a wa jo, wéi eng. Dat war eng Conclusioun gëschter an der Sitzung vun der zoustänneger Chamberkommissioun.
30 Prozent vun alle Lëtzebuerger wunnen net hei am Land. Vun dëse ronn 160.000 Lëtzebuerger am Ausland liewen der 33.000 a Brasilien an der bal 22.000 an den USA.
Wou zitt een d'Grenz?
Soll tëschent hirem Walrecht bei Chamberwalen, an deem vu Lëtzebuerger, déi méi no - zum Beispill an der Groussregioun - wunnen, differenzéiert ginn?
De Chamberpresident an CSV-Politiker Claude Wiseler seet, dës wieren "total" verschidde Fäll. Well eeben déi sougenannten Diaspora, dat heescht déi Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, esou divers wier.
Déi Lëtzebuerger, déi a Brasilie wunnen, wiere beispillsweis ni wierklech a Kontakt gewiescht mam Lëtzebuerger Land oder der Politik hei, mengt de Claude Wiseler. Viru fënnef oder zéng Joer hätten der vill kaum gewosst, datt si iwwerhaapt vu Lëtzebuerg géife kommen.
Schwéier, dës Nuancë juristesch ze erfaassen
Anescht wier et mat deenen, déi just "100 Meter" iwwer d'Grenz wunne gaange sinn, an awer jorelaang hei am Land geschafft a gelieft hunn, fënnt de Chamberpresident. Grad esou wier et mat Leit, déi aus beruffleche Grënn an d'Ausland geplënnert sinn, an awer mam Land verwuerzelt sinn.
"An dat mécht déi Saach och juristesch esou komplizéiert fir ze behandelen, well wéi faassen ech dat an e juristeschen Text, datt et gerecht fir jiddereen ass."
D'Fro wier evidenterweis net, fir Engem, deen hei op der Grenz wunnt oder dee mat Lëtzebuerg all Dag Relatiounen huet, d'Walrecht ewechzehuelen, esou nach den CSV-Politiker.
"Dat kënnt jo net a Fro. Déi mussen hiert Walrecht behalen. Dofir musse mir suergen."
D'Fro vum Walrecht vun Net-Lëtzebuerger hei am Land muss getrennt ginn
De Chamberpresident Claude Wiseler ass perséinlech der Meenung, datt d’Fro vum Walrecht vu Lëtzebuerger am Ausland, an d’Fro vum Walrecht vun Net-Lëtzebuerger hei am Land, getrennt sollen diskutéiert ginn.
Sechs Reformoptioune fir d’Walrecht vun Auslands-Lëtzebuerger goufen am Mee dëst Joer an enger Etüd vun der Cellule scientifique vun der Chamber analyséiert.