D'Wieder vun deenen nächste Méint kéint sech net just op den Ertrag selwer auswierken, mee och déi néideg Infrastrukturen, wéi beispillsweis d'Stroossen, futti maachen, warnen d'Experten.
Virun allem fir d'Enn vum Joer 2026 gi sech extreem Wiederphenomeener erwaart, déi den Export vun deene betraffene Produiten erschwéieren. Doduerch kéinten d'Präisser fir déi brasilianesch Bevëlkerung massiv klammen. D'Regierung huet elo schonn e Pak u preventive Mesuren ugekënnegt, déi de Staat ronn 220 Milliounen Euro kaschten.
Fir déi betraffe Regioune ginn déi Mesuren awer net duer.
Fir ganz Brasilien ass elo eng Klima- an Ëmwelt-Alerte ausgeruff ginn.