Klimaphenomeen

Aussergewéinlech staarken El Niño: Dréchent, Hëtzt, Iwwerschwemmunge kënnege sech un

D’Weltwiederorganisatioun warnt virun engem aussergewéinlech staarken El Niño. D’Welt misst sech regional op extrem Hëtzt, Dréchenten an Iwwerschwemmungen astellen, esou d’Warnung vun der UNO. De Klimaphenomeen huet sech am Pazifik fest etabléiert a soll sech an den nächste Méint weider verstäerken.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

El Nino | © picture alliance/dpa/dpa-infografik GmbH | dpa-infografik GmbH play_arrow
El Nino (Foto: picture alliance/dpa/dpa-infografik GmbH | dpa-infografik GmbH)

An den nächste Méint soll sech de Wiederphenomeen El Niño nach weider verstäerken a bis Enn vum Joer eng ganz staark Intensitéit erreechen, heescht et vun der Weltwiederorganisatioun.

Mierestemperature kënne Rekordwäerter erreechen

Si geet dovun aus, datt den El Niño mat aussergewéinlech héijer Warscheinlechkeet bis Februar nächst Joer unhält.

Den UNO-Generalsekretär António Guterres warnt, d’Klimaphenomeen géif den Ament aussergewéinlech Ausmoossen unhuelen. D’Mierestemperaturen géife Rekordwäerter erreechen, d’Temperaturen insgesamt weider klammen, an d’Welt géif sech an eng Héichrisikozon beweegen, an där extrem Wiederphenomeener ëmmer méi zur Normalitéit ginn.

Direkt Auswierkungen an Europa éischter limitéiert

El Niño ass en natierleche Klimaphenomeen, dat all zwee bis siwe Joer erëm kënnt a mat enger Erwiermung vun der Mieresuewerfläch am Pazifik zesummenhänkt. Den neisten Donnéeë vun der Weltwiederorganisatioun no kéint et dës Kéier awer dee stäerksten El Niño zënter méi wéi 70 Joer ginn.

Gläichzäiteg kann de Phenomeen d’Auswierkunge vun der vum Mënsch verursaachter Äerderwiermung nach verstäerken. Fir Europa sinn direkt Auswierkunge vum El Niño op d’Wieder éischter limitéiert a schwéier virauszesoen. Méi spierbar kéinten indirekt Konsequenze sinn, wann d’Produktioun an anere Länner zeréckgeet an doduerch Präisser oder Liwwerunge bei eis beaflosst ginn.

Lauschterenplay_arrow