Am OECD-Duerchschnëtt sinn et 31 Prozent. Gläichzäiteg gehéieren nëmme 4 Prozent vun de Lëtzebuerger Schüler:innen zu de besonnesch staarke Lieser:innen.
D'PISA-Resultater weisen och, datt Jonker ëmmer méi an engem digitalen Ëmfeld liesen. Gläichzäiteg hu si méi Schwieregkeeten, sech iwwer eng méi laang Zäit intensiv mat komplexen Texter auserneenzesetzen.
Kritik vun Oppositioun a Gewerkschaften: Problemer wiere scho laang bekannt
Déi éischt politesch a gewerkschaftlech Reaktiounen op d'PISA-Resultater konzentréiere sech virun allem op d'Fro, firwat scho méi laang bekannte Problemer am Lëtzebuerger Schoulsystem net méi konsequent ugepaakt goufen.
D'LSAP-Deputéiert a Vizepresidentin vun der Educatiounskommissioun Francine Closener gesäit virun allem déi staark sozial Ongläichheeten als Problem.
D'Vera Dockendorf vun der Enseignantsgewerkschaft SEW-OGBL kritiséiert ënner anerem d'Kierzung vu Sproochestonnen duerch déi zousätzlech Stonn Sport, an en hirer Meenung no ze wéineg konzeptuellen Asaz vun Tablets an de Schoulen.
Béid begréissen zwar méi streng Reegele fir Smartphones an der Schoul, bezweifelen awer, datt e méi strengt Smartphoneverbuet eleng déi fundamental Problemer vum Lëtzebuerger Schoulsystem léise kann.
Iwwer der OECD-Moyenne beim digitale Léieren
Nëmmen ee Beräich stécht bei de Lëtzebuerger Resultater positiv eraus: "Léieren an der digitaler Welt". Hei gëtt ënner anerem getest, wéi d'Schüler mat digitalen Instrumenter Informatioune sammelen, Strategien entwéckelen a Problemer léisen.
Et ass deen eenzege vun de véier geteste Beräicher, an deem Lëtzebuerg iwwer der OECD-Moyenne läit. Beim sougenannte "Computational problem solving" schneiden d'Lëtzebuerger Schüler deemno relativ gutt of.
D'Resultater weisen domat och, datt déi Jonk net generell Schwieregkeete mat der digitaler Welt hunn. D'Fro ass éischter, wéi digital Instrumenter am Schoulalldag agesat ginn.
Sozioekonomesch Ënnerscheeder bleiwen e grousse Problem
Den Afloss vum Migratiounshannergrond wier kleng ginn, mee aus de Resultater eleng léisst sech awer nach net ofleeden, wat genee hanner dëser Entwécklung stécht – also ob Schüler mat Migratiounshannergrond besser ofgeschnidden hunn oder ob d'Resultater vun de Schüler ouni Migratiounshannergrond méi schwaach gi sinn.
Méi grouss bleift den Afloss vum sozioekonomeschen Hannergrond. An den Naturwëssenschaften ass dësen Ecart zënter der leschter PISA-Etüd méi grouss ginn, an der Mathematik ass e relativ onverännert bliwwen, beim Liesen ass e liicht méi kleng ginn.
D'Donnéeë weisen domat weider op e staarken Zesummenhang tëschent de Ressourcë vun doheem an de schoulesche Leeschtungen hin.
Méi Zäit um Ecran bedeit net automatesch besser Resultater
Déi aktuell PISA-Generatioun ass eng vun den éischten, déi quasi komplett mat Smartphones, soziale Medien an ëmmer méi och mat kënschtlecher Intelligenz opgewuess ass. Deementspriechend prominent ass d'Digitaliséierung an der Etüd.
D'Schüler:innen zu Lëtzebuerg ginn un, an der Schoul am Duerchschnëtt 1,6 Stonnen den Dag digital Apparater fir Léieraktivitéiten ze benotzen. Den OECD-Duerchschnëtt läit bei 1,7 Stonnen.
Méi digital Notzung bedeit awer net automatesch besser Leeschtungen. D'PISA-Donnéeë weisen, datt besonnesch eng ganz intensiv Notzung vun digitalen Apparater mat méi schwaache Resultater an de Naturwëssenschaften zesummenhänkt. Et handelt sech dobäi ëm e statisteschen Zesummenhang – net ëm de Beweis, datt déi digital Notzung méi schlecht Resultater verursaacht.
Den Handy als Oflenkung
Och d'Oflenkung duerch digital Apparater ass en Theema: 24 Prozent vun de Schüler zu Lëtzebuerg soen, datt Schüler an de meeschten oder an allen Naturwëssenschaftscoursen duerch digital Apparater ofgelenkt ginn.
D'PISA-Etüd stellt dobäi fest, datt Schüler:innen a Schoule mat klore Reegele fir d'Handynotzung manner dacks vun digitalen Apparater ofgelenkt ginn. Dat ass och am aktuelle Lëtzebuerger Kontext relevant: Den Educatiounsminister Claude Meisch wëllt d'Smartphonerestriktiounen an de Schoule verstäerken an de generelle Verbuet och op déi ënnescht Klasse vum Secondaire ausdeenen.
Bal d'Hallschent benotzt all Woch KI fir ze léieren
Kënschtlech Intelligenz ass bei de 15-Järege mëttlerweil kloer am Schoulalldag ukomm. 47 Prozent vun de befrote Schüler:innen zu Lëtzebuerg benotzen op d'mannst eemol d'Woch e KI-Chatbot, fir beim Léieren ze hëllefen. 34 Prozent benotze KI ënner anerem fir eng éischt Recherche zu engem neie Sujet ze maachen. 29 Prozent loosse sech Texter zesummefaassen an 28 Prozent benotze KI, fir eng éischt Versioun vun enger schrëftlecher Aarbecht ze produzéieren.
Mee och hei ass d'Bild nuancéiert: Digital Instrumenter a KI sinn der PISA-Etüd no net per se e Problem. Entscheedend ass, wéi a wéi intensiv se agesat ginn.
Bal een Drëttel gesäit d'Schoul als Zäitverschwendung
PISA ënnersicht net nëmmen d'Kompetenze vun de Schüler:innen, mee och hir Astellung zum Léieren.
71 Prozent vun de Lëtzebuerger Schüler:inne soen, datt si op vill Saache virwëtzeg sinn. Bei der Ausdauer ass d'Bild manner positiv: Nëmme knapp iwwer d'Hallschent seet, sech méi unzestrengen, wann eng Aufgab schwéier gëtt.
Gläichzäiteg gleewe 75 Prozent, datt si hir Fäegkeeten duerch Ustrengung weiderentwéckele kënnen – de sougenannte "Growth Mindset".
A bal een Drëttel vun de Schüler:inne seet awer och, d'Schoul als Zäitverschwendung ze gesinn. E bedeitenden Deel vun de 15-Järege gesäit deemno de konkrete Sënn vun der Schoul net oder nëmme bedéngt.